De Minister muss endlech de Kapp aus dem Sand huelen an der Realitéit an d’A kucken! -

Elo séier agéiere well d’Situatioun an eise Schoule guer net méi gerabel ass!

An de leschte Wochen huet d’Situatioun sech an de Schoule vum Fondamental a vum Secondaire zougespëtzt. De fromme Wonsch vun enger „normaler Rentrée“ huet sech zu engem alpdram-änlechen ingerable Chaos gedréint: un e sënnvollen Oflaf vum Unterrecht ass a ville Schoulen net méi ze denken.

Well keng kloer Linn bei de Prozedure bei COVID-19 Fäll vum MENJE erkennbar ass, herrscht bei den Enseignanten, den Direktiounen, den Elteren an och bei de Schüler eng grouss Onsécherheet wat d’Mesuren ubelaangt.

Déi vill Demanden a Réckmeldungen aus de Schoulen a Lycéeë gi konsequent ignoréiert:

  • op nationalem Plang feele kloer, transparent an allgemenggëlteg Prozeduren;
  • et ass net kloer wien op watfirengem Niveau responsabel ass fir d’Decisiounen iwwert Isolement a Quarantainen
  • et gëtt grouss Inkoherenzen bei der Dauer an de Mesure vun Isolement/Quarantaine an hir Konsequenze fir d’Schüler (Transport, Maison-Relais, Foyers, Nounous…);
  • Kollaboratioun a Kommunikatioun vun der Educatioun mat der Santé klappt net, Decisiounen a Message sinn net identesch an dacks kontradiktoresch;
  • et gëtt eng Hellewull vun Acteuren déi an de Prozeduren iwwert Isolement a Quarantaine intervenéieren, leider klappt och do d’Kommunikatioun net – d’Enseignantë ginn dacks ze spéit, falsch oder guer net informéiert;
  • et feelt un engem klore Konzept: vill Direktioune probéieren d’Situatioun op hir Aart a Weis ze léisen a maache se doduerch dacks just nach méi konfus;
  • schwéieren Informatiounsfloss tëschent Schoulen a Maison-Relais, Acteuren an de Schoulen an an de Maison-Relaisen hu keng Decisiounsgewalt a sinn ofhängeg vun Instruktiounen déi dacks feelen, ze spéit kommen oder kontradiktoresch sinn;
  • Informatiounen iwwert d’Dauer vun der Quarantaine un d’Eltere kommen ze spéit oder guer net, d’Elteren hu Schwieregkeeten hire Congé pour raisons familiales z’organiséieren.

Am Detail kann dës Lëscht je no Schoul a Regioun nach laang weidergefouert ginn.

D’Enseignanten an de Schoule sinn der Desorganisatioun ausgeliwwert.

Reagéiert gëtt vum Ministère op Drock aus de sozialen Netzwierker, net awer op d’Réckmeldunge vun deene Leit, déi all Dag d’Schüler encadréieren, a rassuréieren a gläichzäiteg ënnert erschwéierte Konditiounen hirem Bildungsoptrag nogoe wëllen. Well dann d’Enseignanten ni am Virfeld iwwer méiglech Strategien informéiert ginn, befanne si sech a permanenter Approximatioun.

Krank oder ënner Quarantaine gesate Léierpersoune kënne scho méi laang net méi ersat ginn, well keng Remplaçantë méi disponibel sinn. Sou gesi sech d’Schoulen an d’Lycéeë gezwongen, d’Schüler op déi aner Klassen ze verdeelen, respektiv mussen d’Titulairë vum Cours d’Appui oder Cours d’Accueil, respektiv d’Assistants pédagogiques asprangen: Schüler mat Léierdefiziter, déi scho besonnesch ënnert dem Confinement gelidden hunn, ginn elo eng weider Kéier vernoléissegt.

Dobäi war am Summer mediewierksam annoncéiert ginn, dass am Hierscht supplementar national Rattrapagescoursen niewent der Schoul organiséiert géife ginn. Op d’Propositioun vum SEW/OGBL fir dës Coursen an d’Unterrechtszäit ze verleeën an dat zousätzlecht Personal an de Schoulen intervenéieren ze loossen, huet de Minister net reagéiert. Nodeems um Schoulufank kee Plang duergeluecht ginn ass an och nom spéiderhin ugekënnegten Datum vum 12. Oktober et nach ëmmer keng Informatioun gouf, koum kierzlech d’Meldung, dass dës Coursen dann dëst Joer iwwerhaapt net stattfanne géifen. Déi grouss Verléierer vun dëser Desorganisatioun si schliisslech awer d’Kanner.

Den SEW/OGBL fuerdert de Minister op d’Urgence eng grouss Reunioun mat alle Betraffenen (Schülervertrieder, Elterevertrieder, Gewerkschaften a Minister) anzeberuffen an op d’Schoulpartner ze lauschteren, fir d’Situatioun ze redresséieren a fir ze verhënneren, dass d’Schoul an den nächste Wochen am Chaos ënnergeet.

Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) am OGBL
den 28.
Oktober 2020