Congrés extraordinaire de l’OGBL : discours d’ouverture du président

Discours_andre_02_07_2016 Am Verlaf vun deenen honnert Joer huet sech eis Gewerkschaft staark verännert.

Souwuel den Opbau, wéi och d‘Fonctionnement vun eiser Organisatioun hu sech stänneg gewandelt. Déi eenzel Strukturen, déi eenzel Gremien, d’Hierarchie an d’Vernetzung an d‘Zesummenaarbecht tëscht hinnen, mä och hirt d‘Gewiicht an den internen Entscheedungsprozesser, an zulescht d’Finanzéierung vun der gewerkschaftlecher Aktivitéit woren ëmmer erëm de Géigestand vu Verännerungen a vu Reformen.

Wär dat net esou gewiescht, hätten déi Diskussiounen, Entscheedungen a Reformen net stattfond, da géif et déi fräi Gewerkschaftsbeweegung hei zu Lëtzebuerg net méi ginn.

Den OGBL selwer wär 1979 iwwerhaapt net entstanen an en hätt sech net zu där Gewerkschaft kënnen entwéckelen, déi se haut ass, nämlech zur féierender Gewerkschaft hei zu Lëtzebuerg.

Eng Gewerkschaft déi naïscht un hirer Stäerkt an un hirem Afloss verléiere wëll, eng Gewerkschaft déi sech weiderentwéckele wëll, déi däerf och an hirem Opbau an an hirem Fonctionnement ni stoe bleiwen.

Si muss sech ëmmer erëm an de Spigel kucken, ëmmer erëm muss si hiren eegenen Checkup maachen.

An ëmmer erëm muss si sech d’Fro stellen, ob hir eenzel Gremien a Strukturen, ob hir ganz Funktiounsweis dat brénge wat se sollen.

A wann ‘Diagnose gestallt gëtt, datt et strukturell Defiziter a Schwächte gëtt, déi d‘gewerkschaftlech Handlungsfähegkeet belaaschten oder beanträchtegen, déi d’Gewerkschaft ofbremsen, déi se drun hënneren nei Potentialer ze entfalen, dann ass den Zäitpunkt reif fir Verännerungen, dann ass d’Zäit komm fir sech unzepassen, fir ze réagéieren a fir nei Weeër anzeschloen.

Eng Organisatioun, déi dat net méi kann oder déi et net méi wëll, eng Organisatioun, déi de richtegen Zäitpunkt zum Wandel verpasst, déi ass op Zäit kondamnéiert, déi verléiert Schrëtt fir Schrëtt u Kraaft an u Stäerkt, déi strahlt net méi déi Attraktivitéit aus, déi se brauch fir an enger sech weider verännernder Gesellschaft hiren Afloss ze behalen a laangfristeg Bestand  ze hunn.

Dat wor an de leschten honnert Joer esou, dat ass elo am Joer 2016 esou an dat wäert och an de kommende Joerzéngten esou sinn.

All Stëllstand ass schlecht, well all Stëllstand Synomym vu Réckschrëtt ass.

An hirer Geschicht huet eis Organisatioun de ganz grousse Mérite, datt si de richtegen Zuch ni verpasst huet.

Zu verschiddenen historeschen Zäitpunkten huet si déi Verännerungen an der Gesellschaft identifizéiert an erkannt, déi net nëmmen déi direkt gewerkschaftlech Interessensvertriedung virun nei Aufgaben gestallt hunn, mä déi gläichzäiteg och déi eegen intern Struktur an d‘internt Fonctionnéiere vun der Gewerkschaft mat der Noutwendegkeet vun Upassung a Verännerung konfrontéiert hunn.

De Prozess vun der Verännerung a vun der Upassung huet vill Gesiichter. E wor meeschtens eng Kombinatioun vun op der enger Säit ville klenge Schrëtt, déi lafend duerchgefouert goufen an op der anerer Säit vu regelrechte qualitative Spréng, déi a ganz kuerzer Zäit déi ganz intern Struktur a Funktiounsweis vun der Gewerkschaft betraff hunn. D’Grënnung vum LAV no dem zweete Weltkrich a vum OGBL am Joer 1979 si wuel déi  beschte Beispiller fir den zweete Fall.

IMG_2382Hätt den LAV sech Enn de 70-ger Joeren net fir déi gewerkschaftlech Vereenheetlechung vun de Statuter vum Aarbechter a vum Privatbeamten ausgeschwat an domat d’Grënnung vum OGBL an d’Weeër geluet, da wär eis Gewerkschaft haut eng kleng minoritär an aflosslos Gewerkschaft an eng FEP oder en LCGB oder nach eng ganz aner Gewerkschaft hätten haut d’Soen an der Gewerkschaftswelt.

An ëmgedréint hunn anerer den historeschen Zuch deemols verpasst.

Den NHV, duerno NGL, oder déi Deeler vun der FEP, déi net matgaange sinn, sinn haut entweder ganz oder bal ganz vun der Bildfläch verschwonnen.

An nach anerer hu sech ënnerwee an den OGBL erafusionéiert.

D‘Grënnung vum OGBL wor e grousse qualitative Sprong, mä et wär falsch dësen als e Broch unzegesinnn.

Villméi wor et e Sprong, dee laang virdrun ugereift ass, vill kleng Schrëtt virdrun hunn e preparéiert an iwwerhaapt eréischt méiglech gemaach.

D’Gebuert vum OGBL wor e Wandel an der Kontinuitéit.

An domat ass fir eisen aussergewéinleche Kongress vun haut dat richtegt Wuert gefall.

Kontinuitéit. Kontinuitéit heescht „net stoe bleiwen, mä weidergoen a weider opbauen“.

A weider opbauen heescht, datt ee seng Fundamenter net zerstéiert an a Stécker zerleet, mä datt ee seng Fundamenter op Rëss ënnersicht, hir Statik iwwerpréift.

A jiddereen hei banne weess, datt kleng Rëss nach einfach ze flécke sinn. A jidderee weess, datt Rëss, wa se net gefléckt gi, weider wuessen, zu ëmmer méi grousse Schied féieren an hir Reparatur ëmmer méi schwéier a méi deier gëtt. Oder, datt Rëss esou schlëmm kënne ginn, datt näischt méi ze maachen ass.

Et ass eng historesch Stäerkt vum OGBL a senge Virgängerorganisatioune, vu sengen éirenamtlechen an haaptamtleche Gewerkschaftler vu gëschter a vun haut, datt d’Aaen ëmmer grouss op sinn, d’Oueren ëmmer gespëtzt si, fir d’Rëss rechtzäiteg z’erkennen an déi noutwenneg Reparature firzehuelen.

Dat ass de Wandel an der Kontinuitéit.

Dat ass déi permanent Stäerkung vun eise Fundamenter fir eis op nei Aufgaben ze preparéieren a se unzegoen.

An de Wandel an der Kontinuitéit ass e Prozess vu stänneger Analys, vu rechtzäiteger Diagnos, vun enger interner demokratescher Diskussioun, vun eisem gemeinsame Wëllen, Intelligenz, Erfahrung a Motivatioun, vun eiser aller Séil als Gewerkschafter, fir de Kampf, fir déi gemeinsam Saach vun eise Memberen a vum gesamte Salariat hei zu Lëtzebuerg.

Wann ee Leeschtung brénge wëll, da muss de Kierper gesond sinn. An de Kierper vun eiser Gewerkschaft sinn eis Strukturen an hirt Fonctionnement. Si sinn eise Skelett, eis Organer an eis Muskelen. A wéi beim mënschleche Kierper, sou ass och d’Gewerkschaft ëmmer nëmmen esou gesond a staark, wéi et och all hir eenzel Strukturen sinn.

An all eenzel Struktur huet hir Aufgab, déi se fir dat grousst Ganzt z’erfëllen huet. Dem OGBL seng Strukture bestinn net aus Selbstzweck, mä si sinn d‘Mëttel zum Zweck. 

Hir Legitimatioun steet a fällt mam Bäitrag fir eis gemeinsam Saach. An déi gemeinsam Saach ass d’gewerkschaftlech Interessensvertriedung an all hire Facetten.

An hei läit de sprangende Punkt.

D’gewerkschaftlech Interesse vun de schaffende Leit sinn absolut näischt statesches, mä si  sinn an enger stänneger Beweegung.

Et sinn déi sech verännernd Aarbechts- a Liewensbedéngungen an eiser Gesellschaft, déi dës Entwécklung undreiwen an dozou féieren, datt sech souwuel eis gewerkschaftlech Programmer, mä och d‘Aart a Weis vun der gewerkschaftlecher Interessensvertriedung stänneg veränneren an upasse mussen.

D’Aarbechtswelt vun haut mä och d’Liewenswelt vun haut hu sech am Verglach zu 1979, dem Joer vun der Grënnung vum OGBL, ganz staark verännert.

An déi Verännerungen hunn e ganz groussen Impakt op d’Ausgesi vun eise gewerkschaftlechen Interessen, op eis Programmatik.

A si hunn e groussen Impakt op d’Manéier an op d’Methode vun der Vertriedung vun de gewerkschaftlechen Interessen, an domat op eis gewerkschaftlech Aktivitéit an op eis Strukturen, déi déi gewerkschaftlech Aktivitéit organiséiere mussen.

Dofir ass et haut wichteg, datt mer déi Verännerunge méi genee ënnert d‘Lupp huelen.

Mir liewen a schaffe weiderhin ënnert kapitalistesche Produktiounsverhältnisser.

D’Verhältnis tëscht Kapital an Aarbecht an déi géigesätzlech Interessen, déi dëst Verhältnis ervirbréngt maache grad wéi virun 100 Joer och am Joer 2016 op Säite vum Salariat déi kollektiv organiséiert Interessensvertriedung a Form vun der Gewerkschaft noutwendeg.

D’Gewerkschaftsbeweegung ass alles aneschtes wéi an enger Legitimatiounskris.

Wat sech allerdéngs geännert huet, ass déi wirtschaftlech Produktioun, déi sech ënnert dem Androck vum techneschen a wëssenschaftleche Fortschrëtt weider entwéckelt huet.

Wat haut produzéiert gëtt a virun allem wéi a mat welche Mëttelen haut produzéiert gëtt, ass op ville Punkten net méi vergläichbar mat deem wat mer aus der Vergaangenheet kannt hunn. A wäert et muer nach vill manner sinn.

IMG_2385A wat fir d’Betribswelt, fir d‘Organisatioun an d‘Struktur vun de Betriber, fir d‘Aarbecht gëllt, gëllt och, an dat ass net manner wichteg, fir d’Aart a Weis wéi mir an eiser Gesellschaft liewen. Och do huet sech ganz villes geännert. Eis Liewensbedéngungen an eis Liewensgewunnechte sinn net méi déi selwecht, déi et gëschter woren.

Op Lëtzebuerg bezunn, sinn net nëmme ganz nei Wirtschaftsberäicher an –aktivitéiten beikomm.

An déi wirtschaftlech Diversifizéierung dréckt sech net nëmmen an der Implantatioun an an der Ausbreedung vun neie Wirtschaftsberaïcher aus, mä och an der Weiderentwécklung vun den traditionelle Wirtschaftsberäicher. An net ze vergiessen: Lëtzebuerg ass doriwwer eraus zum Wirtschaftszentrum vun der Groussregioun ginn.

Wann op der enger Säit d’Gewiicht vun der Stolindustrie an der Industrie an eiser Wirtschaft zeréckgaangen ass, sou ass et op der anerer Säit zu enger enormer Entwécklung am Déngschtleeschtungsberäich komm.

Nieft dem Banke,- Finanz- an Assurancesekteur sinn et eng Multitud vun aneren Déngschtleeschtungsberäicher, déi sech an enger verhältnisméisseg kuerzer Zäit implantéiert oder staark ausgebreed hunn. An et ass haut keen Enn vun der Entwécklung ofzegesinnn.

Hei schwätze mer vun all Zort vu Berodungs- an Etudefirmen, vun der Welt vun de Medien, der Publicitéit an der Kommunikatioun, vun der Logistik an dem Transport, vun der Informatik an der digitaler Economie, vun der Innovatioun a Recherche, den Ingénieurs- an Architektebureauen, de Botzfirmen, der kollektiver Restauratioun, de Sécherheetsfirmen, der UNI a vu villes aneschtes méi.

D’wirtschaftlech Diversifikatioun, d’Groussgi vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg a vum wirtschaftlechen Akommes hunn doriwwer eraus gläichzäiteg zu engem staarken Uwuessen an zu ville qualitativen Entwécklunge vum Handwierk- an der Bauwirtschaft, dem Handel an der Restauratioun an Hôtellerie gefouert. A vergiesse mer ofschléissend och net de grousse Wandel am lëtzebuergesche Gesondheets-, Sozial- a Bildungswiesen wéi och an all deenen aneren ëffentlechen Déngschtleeschtungsberäicher.

Ech brauch net méi ze widerhuelen, datt all dës Entwécklungen op Säite vum Salariat zu ganz ville Verännerunge gefouert hunn. Souwuel wat all Facette vun der Aarbecht ubelaangt, wéi och alles wat mat der Liewenskonditioun, der Liewensgestaltung an de Liewensgewunnechten ze dinn huet.

An ech probéieren elo e puer Punkten ervir ze sträichen, déi fir d’Opstellung an d’Weiderentwécklung vun eiser Gewerkschaft besonnesch wichteg sinn.

Déi verännert Betribswelt huet dozou gefouert, datt sech och d’Aarbecht, hir Inhalter an hir Organisatioun ausseruerdentlech verännert a virun allem och diversifizéiert hunn. Dat gëllt och fir d’Aarbechtsbedéngungen.

Vill nei Beruffer a Qualifikatioune sinn entstanen.

D’Zäit vun de Grondausbildungen an de Studien ass an d’Luucht gaangen an huet dozou gefouert, datt e groussen Deel vun der Jugend vill méi spéit wéi fréier an den Aarbechtsprozess trëtt.

Gläichzäiteg ass d‘Mobilitéit bei der Aarbecht an de Qualifikatioune staark eropgaangen. En Aarbechtsplazwiessel oder esouguer e Beruffswiessel ginn ëmmer méi zur Regel statt zur Ausnahm.

An déi kontinuéierlech Fort- a Weiderbildung während dem Beruffsliewe spillt bei de berufflechen an domat och bei de soziale Perspektiven eng ëmmer méi grouss Roll.

D’Ënnerscheeder bei den Aarbechtsbedéngungen, ënner anerem bei den Aarbechtszäiten, hunn och ëmmer méi zougeholl, an och hei kënnege sech weider grouss Verännerunge mat ganz neie Qualitéiten un.

A vergiesse mer net all déi nei Formen vun der Hierarchiséierung an de Betriber, grad esou wéi och d’Aarbechtsdeelung mat alle hire Forme vun Auslagerunge bis zu den neie Forme vu prekären Aarbechtsverhältisser an Aarbechtskontrakten.

Mir musse gesinn, datt haut e Salariat, trotz Eenheetsstatut, alles aneschtes wéi eppes Uniformes ass.

D’Salariat besteet aus verschiddene Schichten, ënnerschiddleche Beruffer a Qualifikatioune, mat ganz vill ënnerschiddlechen Aarbechtssituatiounen an Aarbechtsbedéngungen.

An et gëtt ënnerschiddlech Situatioune vu Sécherheet, Aarbechtsplaz-, berufflecher a sozialer Sécherheet.

An och d‘Generatiounsfro spillt opgrond vun de schnellen a permanente Verännerungen am Aarbechtsprozess eng ëmmer méi grouss Roll.

An et sinn nach e puer aner Entwécklungen, déi mir haut an eiser Diskussioun mat a Betruecht zéie mussen.

Déi éischt ass déi vum Rôle vun der Fra an eiser Gesellschaft, déi sech staark verännert huet a sech weider staark verännere wäert.

An ee vun de wichtegste Momenter ass, datt haut eng ganz grouss Majoritéit vun de Fraë schaffe geet an dat bis op e puer Ausnahmen an alle Beruffsberaïcher.

Dës Tatsaach huet natiirlech hir Repercussioun op d’Gestaltung vum Privat- a Beruffsliewen, vun der Erzéiung a vun der Fräizäit, an dat esou wuel fir d’Fra wéi fir de Mann.

Eng weider Entwécklung ass, datt ronn 2/3 vum Salariat haut zu Lëtzebuerg aus der Immigratioun kënnt oder als Grenzgänger all Dag iwwert Grenz bei eis schaffe kënnt.

An der Kompositioun vum Salariat maachen haut déi franzéisch, däitsch a belsch Grenzgänger ronn 40% aus. Ouni si hätt Lëtzebuerg sech net zum Wirtschaftszentrum vun der Groussregioun entwéckele kënnen.

Wann ech haut op all déi Verännerungen hiweisen, déi sech an eiser Gesellschaft gemaach hunn a weider maache wäerten, dann net fir ze behaapten, datt den OGBL all déi doten Entwécklunge verschlof hätt.

Mä ech hunn drop higewise, fir zwee ganz wichteg Punkten ze verdäitlechen:

Éischtens.) All dës Entwécklunge schafe vill nei gewerkschaftlech Interessen, Bedürfnisser an Erwaardungen beim Salariat.

A wa mir den Usproch wëlle weider oprechterhalen, datt mer als Gewerkschaft d’Gesamtsalariat vertriede wëllen, da muss sech eis Gewerkschaft als fäheg erweisen, dës Interessen op eng efficace Manéier vertrieden ze kënnen.

An dat gëllt souwuel fir déi Interessen, déi jidderee betreffen, onofhängeg dovu wou a wat ee schafft, onofhängeg dovun op Mann oder Fra, onofhängeg dovun op Grenzgänger, Immigrant oder Awunner vu Gebuert, onofhängeg dovun zu welcher Generatioun ee gehéiert an onofhängeg dovu welcht Aarbechtsstatut een huet oder ob een net méi am aktiven Aarbechtsliewen ass.

Mä d’Interessen op eng efficace Manéier ze vertrieden, bedeit awer och, datt ee fäheg ass, op all déi spezifisch gewerkschaftlech Interessen agoën ze kënnen, déi sech aus all deen opgezielten ënnerschiddleche berufflechen a soziale Situatiounen erginn.

Zweetens.) ech hu gesot, datt et falsch wär ze behaapten, datt den OGBL déi Entwécklunge verpasst hätt.

Eleng seng Grënnung am Joer 1979 ass dat beschte Géigenargument. Si war eng grouss an noutwenneg Reaktioun op d’Changementer.

An et ass am Verlaf vu senger Geschicht zu weidere strukturellen Upassunge komm, fir déi nei Erausfuerderungen unzegoen.

An ech wëll der dräi nennen, déi sech bis haut duerch déi ganz Geschicht vum OGBL zéien.

D’Verännerungen an der Betribs- an Aarbechtswelt hunn am OGBL zu engem verstärkten Opbau vu senge Syndikater gefouert an et ass him doduerch gelongen net nëmmen déi traditionell Sekteure gewerkschaftlech weider ze stäerken, mä et ass em och gelongen, sech an neie Sekteuren, an nei Aarbechts- a Beruffssparten Fouss ze faassen a sech ze entfalen.

Eng zweet Upassung ass iwwert de Wee vun eisen Abteilungen ëmgesat ginn. Den Département des Immigrés, d’Fraënabteilung, d’Privatbeamtenabteilung, déi no der Aféierung vum Eenheetsstatut an d’Abteilung vum Salariat iwwergaangen ass, den Departement vun der Fonction Publique oder relativ rezent d’Schafung vum Departement vun den travailleurs handicapés sinn e puer Beispiller fir dës Entwécklung.

An eng drëtt grouss Upassung, déi noutwendeg ginn ass, wor déi weider Professionaliséierung a virun allem och de personellen Ausbau bei der individueller Berodung a Betreiung vun eise Memberen. Haut ass eis Berodungs- a Betreiungsstruktur, de SICA, net méi ewech ze denken aus eiser alldeeglecher gewerkschaftlecher Aktivitéit am Déngscht vum eenzelne Member.

All dës Entwécklungen um Niveau vun eise Strukturen an um Niveau vun eisem Fonctionnement woren noutwendeg fir de weideren Opbau vun eiser Gewerkschaft.

Si hunn an der Kontinuitéit stattfond, et wor e permanente Prozess a mir sinn haut zesumme fir erëm eng Kéier op der Basis vun den objektiven Entwécklungen an der Gesellschaft, am Wirtschafts-, Betribs- an Aarbechtsliewen déi Ajustementer bei eise Strukturen, an eisem Fonctionnement ze décidéieren an an d’Weeër ze leeden, fir d’Perenitéit a fir déi weider Stäerkung vun eiser Gewerkschaft, vun der fräier Gewerkschaftsbeweegung hei zu Lëtzebuerg ofzesécheren.

Ech hu vun de Berufsssyndikater geschwat.

Ech hu vun den Abteilunge geschwat.

An ech hu vun der individueller Berodung a Betreiung geschwat.

Dat ass awer net de ganzen OGBL.

Den OGBL, grad esou wéi seng Virgängerorganisatioun, den LAV, huet eng sougenannten dualistesch Struktur. Nieft de Syndikater besteet de Pilier vu senger geographescher Struktur an Aktivitéit a Form vu senge lokale Sektiounen a Regionalen.

Déi historesch Roll vun der lokaler Struktur fir d’Entstehung a fir d‘Weiderentwécklung vun der fräier Gewerkschaftsbeweegung ass vun entscheedender Bedeitung.

Am Ufank stongen net d’Syndikater wéi mer se haut kennen, mä – an ech huelen als Beispill d’Joer 1921 – wou sech d‘gewerkschaftlech Aktivitéit iwwert 7 lokal Industriegruppen an iwwert sougenannt Ortsgruppen organiséiert huet.

Et wor och d’Zäit, wou déi verschidde Gewerkschaftsheemer gegrënnt goufen, zu Diddeleng, Remeléng, Esch, Déifferdeng, Rodange a Schëffleng.

„Mir mussen en eegent Heem kréien, an deem mer eis treffen a berode kënnen, ouni vun der Polizei a Gendarmerie iwwerwaacht ze ginn“.

Dat sinn d’Wieder vu Kréiesch Tun, deen laang duerno, an zwar 1966 zum Ulass vun eiser 50-ger Feier, d’Grënnung vum Diddelenger Gewerkschaftsheem am Joer 1923 beschriwwen huet.

D’Gewerkschaftsheemer op der lokaler Basis woren déi zentral Plaz vun der Gewerkschaft.

Hei si Vertrauensleit aus de Betriber zesummekomm, fir sech ze versammelen an ze beroden, hei si se mat de Memberen aus der Lokalitéit zesummekomm, hei ass d’Verbindung zu de Genossenschaften hirgestallt ginn, hei sinn d’Sektiounsbibliothéiken an d’Aarbechterbildung organiséiert ginn, an hei ass den Eenzelnen a Sozial- a Lounfroe beroden an him gehollef ginn.

An hei wor och d’Plaz an den Ausgangspunkt vun der Organisatioun vun de gewerkschaftlechen Aktiounen, Manifestatiounen bis hin zu de Streikbeweegungen.

An d‘Aktioune sinn och iwwert d’lokal Strukture finanzéiert ginn. Esou woren et beispillsweis d‘lokal Strukturen, déi de Mäerzstreik am Joer 1921 finanzéiert hunn.

Virun allem eréischt mat der Grënnung vum LAV, nom 2. Weltkrich, fänken d’Syndikater u méi staark an Erscheinung ze trieden.

Nieft de lokale Sektiounen an de Beziirker, ginn et Syndikatsleedunge fir d’Biergaarbechter, fir d’Metallaarbechter, fir d’Bau- an d’Holzaarbechter, fir d’Brauereien, fir d’ëffentlech Betriber an interessanterweis och fir d’Jugend a fir d‘“Sozialrentner“.

1946 huet sech de gesamte Gewerkschaftsapparat aus just 8 Haaptamtlechen zesummegesat: 3 fir d’Exekutiv vun der Gewerkschaft, de President, de Generalsekretär, den Trésorier a 5 gewielte Beziirkssekretären.

DIMG_2381’Syndikat „Sozialrentner“ gouf 1951 ofgeschaf, well, an ech zitéieren „et jo kee Beruff ass, wann ee Pensionär oder Sozialrentner ass.“ Deen éischte richtegen, well ausschliesslich haaptamtleche Verhandlungssekretär ass eréischt 1961, an zwar fir de Beräich vum Biergbau an der Schwéierindustrie agestallt ginn.

Déi sougenannten dualistesch Gewerkschaftsstruktur, déi esou entstanen ass, d’lokal Sektiounen engersäits an d’Syndikater anerersäits ass dann um leschte Statutekongress vum LAV am Joer 1972 ënnermauert ginn.

Deemols sinn och fir d’Repräsentatioun vu besonnesche Gruppeninteressen d’Abteilungen agefouert ginn, nieft der Jugend ass d’Grënnung vun engem „Rentnerausschuss“ décidéiert ginn.

1978, ee Joer virun der Grënnung vum OGBL goufen et 6 Syndikater mat 4 Verhandlungssekretären a 6 Beziirkssekretären.

Mam OGBL ass 1979 d’Zuel vun de Syndikater op 12 eropgaangen, an d’Abteilunge fir d’Fraen, d’Privatbeamten a fir d’Handwierker si beikomm.

A senger Grondsazried am Dezember 1978 ënnersträicht de John Castegnaro déi méi staark Vertriedung vun de Syndikater am OGBL géigeniwwer dem LAV, hie betount d‘Lassléisung vum Prinzip vun enger exklusiver Beruffsgewerkschaft an d’Iwwerwanne vun dem getrennten Aarbechter- a Beamtestatut an der Gewerkschaft.

Trotz der Tarifautonomie fir d’Syndikater bleift hir Autonomie als Gewerkschaften ageschränkt, fir d’Konkurrenz an d’Auserneendriften a schwierege Froen ze ënnerbannen.

Hie gesäit d’Syndikater niewend de Lokalsektiounen a Regionalen am Verband, dee selwer zoustänneg ass fir déi gesamt Gewerkschaftspolitik.

De John Castegnaro huet sech deemols eng gewerkschaftlech Aarbechtsdeelung tëscht der lokaler Struktur, also de Sektiounen an de Regionalen engersäits, an den Syndikater anerersäits virgestallt.

Vun zwou Säiten aus sollt dat eenzelt Gewerkschaftsmitglied, mä och den eenzelnen aktive militante Gewerkschafter encadréiert a betreit ginn.

Woubäi et an éischter Linn d’Sektiounen an d’Regionale sollte sinn, iwwert déi nieft der individueller Betreiung virun allem Verbreedung an ’Diskussioun vun den allgemenge gewerkschaftspolitische Positioune vum OGBL a vun de lokalen oder regionalen Froen am Vierdergrond stoe sollten.

Datt dat awer net esou einfach sollt ginn, geet schons 1984 aus dem Tätegkeetsbericht vum Regionalverband Norden fir d’Zäitperiod 1979-1983 erfir. Ech erlabe mer den Text ze zitéieren:

„Die Aufgabe, die den Sektionen in diesem Gefüge zufällt, ist im wesentlichen die Verbreitung der gesellschaftspolitischen Vorstellungen unseres Verbands. Am Arbeitsplatz bleibt bekanntlich keine Zeit für derartige Überlegungen. (…) Es gibt nur den Weg des direkten Kontakts mit den bestehenden Gesellschaftsschichten im lokalen Alltag, eine geradezu ideale Plattform, die Evolution zu unserem Vorteil zu nutzen. (…) Die Hektik und die damit verbundenen Lebensgewohnheiten unserer heutigen Zeit haben Bedeutung und Aufgabe der Lokalsektionen etwas in den Hintergrund rücken lassen. Es ist an uns, diese Rolle (an die Zeit angepasst) wieder im Vordergrund spielen zu lassen und damit zu unterstreichen, dass die Daseinsberechtigung von Lokalsektionen auch heute noch nicht in Frage gestellt ist. „

De Regionalverband Norden huet schon deemols gespuert, wat am gaange wor ze kommen, nämlech, datt nei Liewensgewunnechten d’Bedeitung an d’Roll vun der Lokalsektioun a Fro kéinte stellen.

Fir ’Daseinsberechtegung vun der lokaler Struktur ze legitiméieren misst d’Roll vun der Lokalsektioun un d’Zäit ugepasst ginn, fir iwwert de Wee vum direkte Kontakt mat de bestoende Gesellschaftsschichten am lokalen Alldag gesellschaftspolitesch Positiounen ze vermëttelen.

Dësen Text huet eng gewësse Genialitéit, well esouwuel d’Analys, wéi och d’Konklusioun déi richteg woren.

Wat d’Analys betrëfft esou muss een se awer komplétéieren.

D’Bedeitung vun de lokale Strukturen ass an all de Joeren duerno net nëmmen duerch d’Liewensgewunnechten vun eise Memberen zeréckgaangen, mä si huet ofgeholl, well am Verglach zu de fréieren Zäiten opgrond vun den allgemenge, wirtschaftleche, betriblechen a gesellschaftlechen Entwécklungen ëmmer méi grouss Deeler vun der individueller a kollektiver gewerkschaftlecher Interessensvertriedung vun anere Strukture vun der Gewerkschaft iwwerholl gi sinn.

Alles wat mat den Aarbechtsinteressen um betribleche Plang zesummenhänkt, ass vun de Syndikater vum OGBL opgefaange ginn.

Si hunn als Struktur d’Relève iwwerholl a si hu se missten iwwerhuele, well dës Aufgaben, objektiv gesinn, net méi aneschtes wéi iwwert zentral Strukturen organiséiert konnte ginn.

D’Betreiung vun honnerten an honnerten Betriber aus enger Vielfalt vu wirtschaftleche Sekteuren mat haut iwwert 2000 Personaldelegéierten, Diversifitéit an d’Spezifik vun de gewerkschaftlechen Interessen a Bedürfnisser, d‘Verhandlung vun de Kollektivverträg an d’Aleede vu gewerkschaftlechen Aktiounen, wéi och Diffusioun vun der Propaganda an den Informatiounen huet d’Zentraliséierung an d’Professionaliséierung a Form vun den Syndikater an hiren zentralen Organen noutwendeg gemaach.

Et gouf an et gëtt och haut keng Alternativ zu dëser Form vun der Struktur.

D’Entlokaliséierung vun der Betribswelt an domat vun der gewerkschaftlecher Aktivitéit ass nach duerch eng aner ganz wichteg Entwécklung beschleunegt ginn: nämlech duerch déi geographesch Mobilitéit vum Salariat, an anere Wierder: haut schaffen déi allermeescht hei zu Lëtzebuerg net méi do, wou se wunnen, an domat ass och ee ganz anere wichtege Lien tëscht der Aarbechtswelt mat der lokaler gewerkschaftlecher Aktivitéit verluer gaangen.

Déi lokal Interessensvertriedung ass awer och nach op engem anere Plang vun enger anerer Struktur iwwerholl, transféréiert ginn.

Et handelt sech ëm déi individuell Betreiung a Berodung vun eise Memberen a sozial- an aarbechtsrechtleche Froen, déi zënter dem Joer 2005 vum SICA gemaach gëtt.

Wann och beim SICA déi lokal Antenne weiderbestinn an esouguer nach weider ausgewäit gi sinn, esou ass haut déi individuell Betreiung a Berodung vun eise Memberen opgrond vun der gewuessener Komplexitéit vun den aarbechts- a sozialrechtleche Matièren, opgrond vum informatiséierten Traitement an opgrond vun der Entwécklung vun de Kommunikatiounsméiglechkeeten net méi méiglech ouni eng héich professionaliséiert an zentral organiséiert Struktur wéi de SICA eng ass.

An och hei konnt den OGBL keen anere Wee goen an et gëtt aus ville quantitativen a qualitative Grënn och kee Wee méi zeréck. An dee Wee ass bei wäitem net ofgeschloss. An de kommende Méint a Joere muss eise SICA weider opgebaut a verfeinert ginn, fir op d’Bedürfnisser, d’Erwaardungen an d’Interessen, déi haut eis Memberen hunn, esou agoen ze kënnen, wéi et muss sinn.

A wann ech kuerz op d’Liewensgewunnechten däerf zeréckkommen, dann ass haut ganz villes anescht, net nëmme par Rapport zu 1984, mä ech kéint esouguer d’Joer 1994 oder 2004 als Vergläich huelen.

IMG_2386D’Fra am Aarbechtsprozess, eng Jugend, déi méi laang studéiert a méi spéit an den Aarbechtsprozess antrëtt, déi nei Organisatioun vum Privat- a Familljeliewen, déi total verännert Situatioun bei der Mobilitéit, net nëmmen wat de Wee op d’Aarbechtsplaz ubelaangt, mä och déi bei allen aneren Aktivitéiten, an dat net nëmmen hei am Land an an der Groussregioun mä bis wäit an d’Welt eraus, ee Fräizäit-, Sport- a Kulturugebot, dat sech explosiv entwéckelt huet, d’Entwécklung beim gesellschaftleche Konsum insgesamt an och déi explosiv changéiert Méiglechkeete vun der Kommunikatioun an Informatioun.

Alles dat huet nei Bedürfnisser an Interessen erfirbruecht an eis Verhalensweisen, eist d‘Liewe staark verännert. All Generatioune sinn dovu betraff, tëscht de Generatioune ginn et vill Iwwerlappungen, mä ët ginn awer och grouss Differenzen.  

All dës Entwécklungen, hir Breed, hir Déift an hiren Tempo, ginn all Strukture vum OGBL ëppes un.

Näischt däerf stoe bleiwen a mir mussen eis ëmmer méi schnell op déi Changementer astellen a réagéieren.

Zumols da, wa mir eist d’Prinzip vun der kontinuéierlecher Upassung beibehale wëllen an déifgräifend Bréch evitéiere wëllen, déi da passéiere musse, wa mir passiv bleiwen an de richtegen Zäitpunkt verpassen.

Virun e puer Joer wor ech deemols als Generalsekretär op eng gemeinsam Konferenz vun de Regionalverbänn ageluede ginn, déi zesummekomm woren, fir sech mat dem Zoustand vun der lokaler Gewerkschaftsaarbecht ze beschäftegen.

D’Zeréckgoe vun den Aktivitéiten, de Schwund beim aktive Matmaachen vun de Gewerkschaftsmitglieder an de Problem, datt et ëmmer méi schwéier ginn ass, Interessenten am Allgemengen, a Jugendlecher am Besonneschen ze fanne, fir an de Sektioune matzeschaffe woren den Ausléiser zu dëser Konferenz.

Munches ass duerno probéiert ginn, mä, an do musse mer alleguerte mat eis éierlech sinn, mär sinn zënter deem net wesentlech weiderkomm.

Dofir huet déi um Kongress vum OGBL am Dezember 2014 eestëmmeg beschlosse Resolutioun eis den Optrag ginn, eis d’Fro vun der Zukunft vun der lokaler Struktur am OGBL ze stellen.

E Joer laang hu mer an enger Aarbechtsgrupp an an der Exekutiv d’Situatioun analyséiert a probéiert Solutiounen ze fannen.

An eisen Diskussiounen hu mir eis vun Ufank un dofir ausgeschwat, datt den OGBL sech net vu senger geographescher Struktur verabschiede soll.

Et hätt een d’Fro vun der Daseinsberechtegung, vun der Legitimatioun an de Virdergrond kéinte réckelen. Mir hunn et net gemaach.

Et hätt een d’Fro vun der Legitimatioun vun de Stëmmrechter vun der geographescher Struktur an den ieweschte Gremie vun eiser Organisatioun opwerfe kënnen. Mir hunn et net gemaach.

An déi selwecht Remarque gëllt och fir d’Finanzéierung a fir d’finanziell Autonomie vun de lokale Strukturen. Mir hunn et net gemaach.

Mir hunn et net gemaach, well mer der Meenung sinn, datt et nach eng Chance gëtt, fir datt déi lokal gewerkschaftlech Aktivitéit erëm en neien Elan ka kréien.

Datt si et erëm fäerdeg ka bréngen de lokale Kontakt zu alle Schichten an zu alle Generatioune vun eise Memberen a Gewerkschaftler ze kréien.

Datt et hinne geléngt, wat 1984 de Regionalverband Norden als Roll fir hir Daseinsberechtegung beschriwwen huet, nämlech bei der Vebreedung vun de gesellschaftspolitische Virstellunge vum OGBL op eng signifikant Aart a Weis bäizedroen.

Fir datt awer déi Meenung zur Realitéit ka ginn, muss den OGBL seng lokal Struktur an hirt Fonctionnement un d’Zäit vun haut upassen.

A well et schons 5 virun 12 ass a mir keng Zäit méi ze verléieren hunn, musse mir elo bereed sinn, noutwendeg Reformen virzehuelen a schnell an d’Weeër ze leeden.

Net eréischt muer oder iwwermuer, well da wäert et ze spéit sinn.

An dat wëlle mer net. Dat wëll keen hei bannen.

Et besteet akuten Handlungsbedarf, well mer jo och wëssen, datt all Reform an dëser Saach seng Zäit brauch bis se richteg an der Praxis ëmgesat ass an hir Friichten dréit.

D’Propositioun vun der Statutekommissioun ass e ganzt kloer Bekenntnis fir de geographesche Pilier vum OGBL.

Et geet drëms, datt d‘lokal Sektiounen iwwerliewe kënnen, datt si erëm eng gewerkschaftlech Aktivitéit entfale kënnen, déi all Schichten an all Generatioune vun eise Memberen a Gewerkschafter unzitt an interesséiert.

Dëst Objektiv ka just erreecht ginn, wann déi gesamt lokal Struktur méi einfach, méi schlank a méi modern gëtt.

Mir brauchen en neien Typ vu Lokalsektioun, déi méi breed opgestallt ass, déi eng besser Chance huet fir en aktive Kär opzebauen, déi méi eng kritesch Mass vu Memberen erreeche kann an doduerch e méi breed gefächert Ugebot vu gewerkschaftlechen Aktivitéiten ëmsetze kann a gläichzäiteg seng materiell Mëttelen méi rationell asetze kann.

Déi flächeméisseg Ausdehnung vun de Sektiounen wéi se virgeschloe gëtt, mecht eng zweet iwwergeuerdnet Struktur a Form vu Regionalen iwwerflësseg.

Doriwwer eraus muss och dat internt Fonctionnement vun de Sektiounen moderniséiert ginn.

An duerch d’Aféierung vun engem nationale professionelle Service soll ënnert der Leedung vun de Sektiounen net nëmmen eng verdéiften Zesummenaarbecht a gemeinsam Aktivitéite vun de Sektiounen gefördert ginn, mä virun allem och eng efficace Ënnerstëtzung fir e méi breed opgestalltent Aktivitéitsugebot, entstoen.

De Wee ass net einfach, mä mir mussen e probéieren.

Et ass e Versuch deen et wäert ass. An deen et wäert ass, datt e vun der ganzer Gewerkschaft, vum ganzen OGBL, ënnerstëtzt gëtt.

Ech hunn et virdruns scho gesot.

An den éischte Joerzéngten vun eiser fräier Gewerkschaftsbeweegung huet de facto déi gesamt gewerkschaftlech Aktivitéit um Niveau vun der lokaler Struktur stattfond.

Duerno ënnert dem LAV an dem OGBL ass progressiv e groussen Deel vun dësen Aktivitéiten op aner Strukturen eriwwergaangen a verdeelt ginn.

Ech hu vun de Syndikater a vum SICA geschwat.

Ech muss awer och nach vun der Geschäftsféierung vum OGBL, vun eisem Service fir d’Sécurité Sociale a vun eisem Europasekretariat schwätzen, déi jo och am Verlaf vun der Zäit sech erausentwéckelt hunn respektiv geschaf goufen.

An zwar als Äentwert op déi allgemeng gesellschaftlech Entwécklung an allen Domäne vun der staatlecher Politik an der supranationaler, sprech europäescher an internationaler Politik.

Déi Strukture representéieren a vertrieden eis gewerkschaftlech Interessen am politische Raum, mandatéiert duerch ‘Décisioune vun eisem Kongress, dem Nationalvirstand an der Exekutiv.

An ech wëll och net déi gewuesse Bedeitung an all dëse Froen vun der Chambre des Salariés vergiessen, déi ënnert der Majoritéit an dem Impuls vum OGBL e grousse Sprong no vir gemaach huet.

Am Verglach zu hirer historescher Vergaangenheet ass och bei eise gesamtgewerkschaftlechen Aktivitéiten d’geographesch, déi regional a lokal Struktur vum OGBL ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt.

Hätten den LAV an duerno den OGBL en anere Wee kënne goen?

Hätten d’Syndikater, hätten eis Abteilungen, hätten eis aner politesch Strukturen an hätt eis d‘Fonctionnement insgesamt, ech denken do un eis technesch a logistesch Servicer, eisen Département juridique, eis Gestioun vun de Memberen, eis Presse- a Publikatiounsabteilung net entstoe sollen?

Nee, dee Wee wor richteg an e wor noutwenneg. Wa mer haut also iwwert d’Zukunft vun der geographescher Struktur diskutéieren an décidéieren, da kann et net ee Wee zeréck an d’Vergaangenheet sinn, mä et muss e Wee sinn, an dat ass den décisive Punkt, deen déi geographesch Struktur, hirt Fonctionnement an hir Aktivitéit esou upassen, datt si aus deem Isolement erauskënnt, an deem si sech haut leider ëmmer méi zum Rescht vun der gewerkschaftlecher Aktivitéit an dem gewerkschaftleche Liewen vum OGBL befënnt.

All eis Strukture musse mat der gläicher Vitesse weidergoen, soss kann et net fonctionnéieren.

Mä domat geet et net duer. Wann an enger Organisatioun sech ënnerschiddlech Strukturen an Aktivitéitsberäicher entwécklen, da muss een dofir suergen, datt tëscht hinnen eng lieweg Vernetzung, en aktivt Zesummeschaffen a géigesäitegt Respektéieren besteet. Fir e falscht Konkurrenzdenken oder e géigesäitegt Ignoréieren ass keng Plaz am OGBL.

Wann d’Statutekommissioun haut d’Reform vun der geographescher Struktur an en neien Typ vu Lokalsektioun virschléit, da fir hinnen d’Perspektiv ze ginn, fir zwee grouss Aktivitéitsberäicher fir all eis Memberen, ob hei zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun, op eng eiser Zäit ugepasster Form entfalen ze kënnen.

Nieft der Vertriedung vu lokale Froen an Interessen, solle si net nëmmen en neien Opschwonk an der Verbreedung vun eise gewerkschaftspolitische Virstellungen am direkte Kontakt mat all eise Memberen kréien, nee si sollen och den Haaptpilier vum OGBL an der Organisatioun vun de kulturellen a Fräizäitaktivitéiten fir eis Membere ginn.

Mä d’Reform soll eis nach eng aner Perspektiv ginn.

Wann et eis gelénge sollt, nei Schichten a Generatiounen vun aktive Gewerkschaftler fir d’Sektiounsaarbecht ze motivéieren, dann hu mer d’Chance, an ech kommen elo op de Gedanke vum Castegnaro’s John zeréck, datt sech erëm Verbindungen hirstelle loossen, tëscht der lokaler Sektioun an der Betribswelt, zu eise Personaldelegéierten, an domat zu eise Syndikater. An datt sech och erëm eng méi staark Verbindung hirstellt mat eiser nationaler Programmatik a politischer Aktioun a Mobiliserung vun eiser Gewerkschaft.

Wann eis eng nei Qualitéit bei der Vernetzung an dem Zesummeschaffe vun all eise Strukture geléngt, a si muss eis geléngen, da si mer um gudde Wee fir net nëmmen déi geographesch Struktur aus der relativer Isolatioun an déi se haut geroden ass, erauszehuelen, an hir eng nei Opwäertung ze ginn, mä mir sinn dann um gudde Wee, fir den OGBL insgesamt fir d’Zukunft ze stäerken a seng Kampfkraaft ofzesécheren.

Ech hu bei der Diskussioun iwwert d’Lokalsektioun vill Wäert op d’Aufgab vun der Vermëttlung vun de gewerkschaftspolitesche Virstellunge vun eiser Organisatioun geschwat.

Falsch wier awer ze mengen, datt sech déi aner Strukture vum OGBL, wéi beispillsweis eis Syndikater, déi Aufgab net zu Häerz huele missten. De Contraire ass de Fall.

Em wat geet et? Bei allen Ënnerscheeder, déi et haut je no Wirtschaftsberaïch, je no Aarbechtssituatioun oder Professioun bei der gewerkschaftlecher Interessensvertriedung gëtt, esou gëtt et weiderhin all déi gemeinsam Interessen a Fuerderungen, déi objektiv all eis Memberen betreffe, wéi z.B. d’Ofsécherung vun eisem ëffentleche Sozialsystem an de staatleche Sozialleeschtungen, oder d’Verdeedegung vum Index, oder d’Weiderkommen an der éminent wichteger Fro vun engem sozialen Europa, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen.

Praktesch all Dag ginn déi an och déi aner Errongenschaften, déi sech d’Gewerkschaftsbeweegung erkämpft huet, politesch an ideologesch a Fro gestallt.

An der Mediewelt ginn d’gewerkschaftlech Positiounen insgesamt minoritär behandelt. Dat huet natiirlech ganz vill mat de Besëtzverhältnisser an der Welt vun de Medien an der Kommunikatioun ze dinn.

Wa mir do e Géigewiicht wëlle schafen, da musse mer, nieft all den Ustrengunge déi mir maache, fir esou vill wéi nëmme méiglech an de Medie präsent ze sinn, virun allem do, wou mer sinn, an dat ass an de Betriber, eis allgemeng gewerkschaftlech Fuerderungen a Positiounen méi staark vermëttelen. Hei si virun allem eis Syndikater gefuerdert. Si si, wéi et de Johny Lahure um LAV-Kongress 1972 gesot huet, d’Bindeglied tëscht de Betriber an de Verbandsinstanzen.

Eis Betribsaarbecht, eis Zesummenaarbecht mat eise Personaldelegéierten däerf sech net just op déi Froen reduzéieren, déi sech spezifisch op d’Aarbechts- a Lounbedéngungen aus dem jeweilege Betribs- a Beruffsberaïch vun den eenzelne Syndikater bezéien.

Mir mussen och an de Syndikater e Schrëtt méi wäit goen.

Déi national an international Gewerkschaftspolitik muss an de Syndikater, an de Syndikatsleedunge méi staark behandelt ginn. Si muss am Kontakt mat de Personaldelegéierten an och an d‘Formatioun vun eise  Personaldelegéierten méi staark afléissen. Et geet ëm déi gewerkschaftlech Bewosstseinsbildung, déi iwwert déi spezifisch betriblech Missioun erausgeet. Si muss erëm méi staark an eis alldeeglech Betribsaarbecht mat afléissen.

Dat wäert net nëmmen e positiven Impakt op d’Recrutement vun neie Membere hunn, mä dat wäert den OGBL weider stäerken, wann en national oder international fir eis gemeinsam Saach antrieden a mobiliséiere muss.

Virun elo bal engem Mount sinn 9000 Salariéen aus dem Gesondheets- a Sozialwiesen fir hir sektoriell gewerkschaftlech Interessen, fir hir Kollektivverträg op d’Strooss gaangen.

Eist d’Zil muss et sinn, datt da wa beispillsweis eisen Index erëm a Fro gestallt gëtt, eleng aus dësem Beräich, dann och 9000 Leit iwwert den OGBL mobiliséierbar sinn an op d‘Strooss ginn.

An dat gëllt fir all Syndikater vum OGBL. Ech hätt jo och elo de Syndikat Bau uschwätze kënnen, dee virun 3 Joer a sengem schwéieren Tarifkonflikt dausende vu Salariéë mobiliséiert hat. Wat mer sektoriell fäerdeg brénge, musse mer och national fäerdeg brengen.

Fir d‘Syndikater proposéiert d’Statutekommissioun, grad wéi et schons bei der leschter Statutereform 2006 de Fall wor, verschidden Upassungen an der Prozedur vun de Kollektivvertragsverhandlungen, Upassungen déi an éischter Linn drop ausgeriicht si, fir eng fräi gewerkschaftlech Mobiliséierung am Fall vu konfliktoresche Verhandlungen ze förderen.

An et gëtt och proposéiert, datt sech d’Syndikater innerhalb vum OGBL zesummen federéieren kënnen, wa si méi staark zesummeschaffen a sech koordéinéiere wëlle fir gemeinsam gewerkschaftlech Démarchen entwéckelen ze kënnen.

Wann ee Member am OGBL ass, huet ee Rechter an och Pflichten. Si sinn an eise Statute verankert. D’Statutekommissioun proposéiert keng aschneidend Verännerungen, mä haaptsächlech Präzisiounen oder Ëmformuléierungen. Et si Virschléi, déi sech opgrond vun eiser Erfahrung oder opgrond vu Froen vun der praktescher Ausleeung an Interpretatioun oder opgrond vun der praktescher Uwendung vun eenzelne Bestëmmungen opgedrengt hunn.

Et sinn och Virschléi fir Upassungen, déi haut eiser technescher an administrativer Beaarbechtung méi gerecht ginn. Mir wëssen alleguerten, datt haut eis technesch an administrativ Beaarbechtung duerch d’Informatiséierung, duerch ’Digitaliséierung, ganz aner Méiglechkeeten huet, wéi dat virun 10 oder 15 Joer de Fall wor.

D’Propositioune vun der Statutekommissioun, déi sech op d’Gesamtfinanzéierung vum OGBL an op d’Kotisatioune bezéien, bedeiten och keng Ofréckelung vun eiser Grondapproche, mä si sollen eng méi kloer Definitioun an domat eng méi kloer Äentwert ginn, wat op der enger Säit de Kongress a wat op der anerer Säit de Nationalvirstand am Zesummenhang mat der Festleeung vun der Kotisatioun ze décidéieren huet.

Ech hunn et ganz am Ufank vu ménger Usprooch gesot: Eng Gewerkschaft, déi naïscht un hirer Stäerkt an un hirem Afloss verléiere wëll, eng Gewerkschaft déi sech weider entwéckele wëll, déi däerf och an hirem Opbau an an hirem Fonctionnement ni stoe bleiwen.

Sech ëmmer ërem upassen un d’Zäit an un nei Erausfuerderungen ass net just eng Saach vun enger Upassung vun de Statuten, mä et ass och eng Saach wéi sech lafend eis eenzel Strukturen an den OGBL insgesamt sech an hirem Fonctionnement upassen, ech kéint och d’Wuert vun der lafender Moderniséierung gebrauchen.

Ech hunn d’Stechwuert Digitaliséierung schons e puermol ervirgehuewen.

Datt eis ’Digitaliséierung vun der Wirtschafts- an Aarbechtswelt viru grouss gewerkschaftlech Erausfuerderunge stelle wäert, dat hu mer schons um 1. Mee betount.

Haut op eisem Kongress musse mer vun eiser eegener Digitaliséierung schwätzen. Mir fänken net bei Null un. An dach musse mer, an dat betrëfft all eis eenzel Strukturen, déi nei Weeer a Forme vun der Kommunikatioun an der Informatioun, déi ’Digitaliséierung ervirbruecht huet a weider undreift, ausbaue, fir net an d’Hannertreffen ze kommen.

Mir hunn an deene leschte Woche vill doriwwer geschwat, datt eis lescht Protestmanifestatioun déi mer organiséiert hunn, nämlech déi vum 4. Juni vum Syndikat Gesondheet- a Sozialwiesen eigentlech déi éischt wor déi am Virfeld, an der Phase vun der Mobilisatioun, nieft eise klassesche Mobiliséierungsmethoden, ech schwetze vun Trakten, Pressekonferenzen an dem direkte perséinleche Kontakt mat der Basis, gläichzäiteg déi digital Informatiouns- a Kommunikatiounstechniken wéi e.a. déi digital sozial Réseaue massiv agesat an ausgenotzt huet.

An och hei gëllt: d’Klassik soll net duerch dat neit ersat ginn, mä d’Klassik muss onbedéngt duerch dat Neit ergänzt ginn.

Dat gëllt natiirlech fir all eis Forme vu gewerkschaftlecher Propaganda, Informatioun a Publikatioun.

Do hu mer e ganz grousse Chantier dee keng Zäit méi huet fir ze waarden. D’Objektiv muss sinn vill méi eng Breed an der Kommunikatioun mam Salariat an an der Informatioun fir d‘Salariat hei zu Lëtzebuerg ze kréien.

An och hei gëllt, datt et fir all eis Strukturen net zevill zu ënnerschiddleche Vitesse kënnt, well och hei ganz nei Méiglechkeete bestinn vun der géigesäiteger Vernetzung an Zesummenaarbecht. An denke mer och drun, datt all Ustrengungen, déi mer haut an déi Richtung maachen och ganz wichteg sinn an der Préparatioun fir déi nächst Sozialwalen.

Um Enn vu menger Interventioun ass mer eppes nach ganz wichteg.

Wann an eiser Gewerkschaft iwwert eis eege Strukturen diskutéiert gëtt, dann däerf een ni vergiessen, datt ee gläichzäiteg iwwert all déi aktiv Gewerkschaftler schwetzt, déi joerelaang jo esou guer joerzéngtelaang de Motor vun eise Strukture sinn.

Ouni si, ouni hirt Engagement, ouni hir Motivatioun an ouni hir Zesummenaarbecht ka keng Struktur, ob Lokalsektioun, ob Syndikat oder Departement fonctionnéieren.

Dat éierenamtlecht Engagement vun dem aktive Gewerkschaftler fir seng Gewerkschaft ass dat wichtegst, wat den OGBL huet.

An dofir muss all aktive Gewerkschaftler, egal wou en aktiv ass, vu senger Gewerkschaft respektéiert an ënnerstëtzt ginn.

An all aktive Gewerkschaftler, dee sech engagéiert, dee weess, datt en Deel vun him selwer, vu senger Persoun a Perséinlechkeet, en Deel vu sengem Liewen an Erliewen sech verbënd a verbonnen ass mat där Struktur oder mat deene Strukturen an deenen hien aktiv ass a fir déi hie säi Beitrag mecht.

A genee dat däerf een nët vergiessen, wann ee wéi haut iwwert d’Zukunft, an d’Perspektiven an iwwert de noutwendege Wandel vun der Gewerkschaft diskutéiert an décidéiert, datt ee gläichzäiteg iwwert d’Gewerkschaftler schwetzt déi haut, muer an iwwermuer déi dreiwend Kraaft an deenen eenzelne Strukture vun der Gewerkschaft sinn.

Ech weess, mir wëssen et alleguerten, datt et net ëmmer esou einfach ass, zumols da, wann ee ganz laang aktiv ass, en neie Pad oder esou guer en neie Wee anzeschloen.

Dat ass mënschlech, a Gewerkschaftler si bekanntlech och Mënschen.

Mä et si Mënschen déi virun allem ni opginn.

An dat ass och, wat ech mir fir den OGBL vu muer an iwwermuer wënschen.

Nämlech, datt de Wandel an der Kontinuitéit virun allem och eng Kontinuitéit vum Engagement ass.

Den OGBL brauch jiddereen. Jiddereen, deen haut aktiv ass, soll a muss och muer an iwwermuer sech nach an der Gewerkschaft, a senger Struktur, op senger Plaz, wou e bis elo aktiv wor, erëmfanne kënnen.

Natiirlech wëlle mer nei an nach méi Leit, déi sech fir den OGBL asetzen.

Mä virun allem wëlle mer, datt keen, keen een, deen haut aktiv ass, egal aus welcher Generatioun vun aktive Gewerkschaftler hie kënnt, eist gemeinsamt Boot verléisst.

Et kann an et däerf op kee verzicht ginn, et kann an et däerf net op d’gewerkschaftlech Erfahrung a Wësse vun all deene verzicht ginn, déi an all de leschte Joeren a Joerzéngten d’Gewerkschaft opgebaut hunn an dem OGBL déi Stäerkt ginn hunn, déi en haut huet.

Ech hoffen, datt mer all zesummen haut eng positiv Reform maachen.

Fir eis Gewerkschaft, fir d’Ëmsetzung vun den Interesse vun all eise Memberen, vum gesamte Salariat hei zu Lëtzebuerg.

An eppes verléiere mer doudsécher och net aus dem Aa: haut gëtt net proposéiert eppes um Artikel 1.4. vun eise Statuten ze änneren. Dat ass deen Artikel, deen eis den Optrag vum Schafen vun der Eenheetsgewerkschaft mat op de Wee gëtt.

Ech soen Iech Merci.

 

André Roeltgen,
President vum OGBL