• Home
  •  | 
  • 1. Mee-2012-Usproch vum Jean-Claude Reding

1. Mee-2012-Usproch vum Jean-Claude Reding

Här Buergermeeschter,
Dir Häre Ministeren,
Dir Dammen an Hären Deputéiert,

Et ass mer eng Eier Iech hei begréissen ze kënnen.
Et freed mech och d’Vertrieder vun der CGFP, eis Frënn vun der FNCTTFEL, d’Direktiounsmemberen an d’Vertrieder vum Personal vun der Salariatschamber, d’Generaldirektesch vun der Editpress an hir Kollegen a Memberen aus dem Déifferdenger Gemengerot hei kënnen ze begréissen.

Besonnesch frou sinn ech awer Iech all hei begréissen ze kënnen.
Dir, déi di 66000 aktiv a pensionéiert Membere vum OGBL vertried,
Dir, déi d’Salariéen aus alle Wirtschaftberäicher vertried.
Dir schafft an der Industrie, um Bau, am ëffentlechen Déngscht, am Handel, am Botzsektor, an de Spideler, am Sozialsektor, am Gardiennage, am Finanzsektor, am Transport, am edukative Beräich, an de Schoulen, an der Forschung, am Medieberäich, am Energiesektor, an der Restauratioun, an den Hotellen, an den Altersheemer, an der Aviatioun, dir schafft an alle Beräicher vun eiser Gesellschaft.
Dir hutt e lëtzebuergeschen, e portugiesechen, e franséischen, en däitschen, e belschen, en italienesche Pass. Dir kommt aus allen Häre Länner, dir schafft hei a wunnt hei, dir wunnt an eise Nopeschlänner an dir schafft hei, dir sidd Aarbechtskollegen, dir hutt gemeinsam Interessen.
Dir vertried d’Salariat, déi Leit déi vum Loun, dee se fir hir Aarbecht kréien, liewen.
Dir sidd representativ fir d’Salariat vu Lëtzebuerg an dat méi wéi iergend een aneren.
Bei de Sozialwalen 2008 ass eis Representativitéit duerch den iwwerwältegende Walerfolleg vum OGBL, vun eiser Gewerkschaft massiv bestätegt ginn. Ären Asaz, är massiv Presenz, eis Mitgliederentwécklung seet mer, datt mer zouversiichtlech kënne sinn, datt des Representativitéit och d’nächst Joer bei de Sozialwalen bestätegt gëtt.
Mir sinn d’Stëmm, d’Vertrieder vum Salariat, duerfir huele mir och keng politesch Rücksichte, mir sinn onofhängeg a mir hunn e kloert Mandat.
A well dir, well mir representativ fir d’Salariat sinn, erwaarde mir, verlaange mir, datt eis Stëmm gehéiert gëtt, datt e seriésen Dialog mat dem OGBL gefouert gëtt.
D’Relance vum Sozialdialog vun deem vill geschwat gëtt, reduzéiert sech net drop, ob et an der Tripartite Accordë gëtt oder net. Dat geet vill méi déif !
Et geet eis drëm, datt mer méi Demokratie an der Aarbechtswelt kréien. Wann dat net geschitt, da geet och déi politesch Demokratie d’Baach of.

Dir Dammen an dir Hären,
Léif Kolleginnen a Kollegen,

D’Recht vum Employeur, vum Patron wéi mir soen, säi Recht fir säi Betrib z’organiséieren, säi Recht fir iwwert d’Aarbechtszäit, iwwert d’Wëssen a Kënne vun deenen ze verfügen, déi him hir Aarbechtszäit, hiert Wëssen a Kënne géint Loun zur Verfügung stellen, ass an därf net absolut sinn. Den Employeur schëld senge Salariéë Respekt, hie muss se gerecht entlounen, hie muss hinnen d’Méiglechkeet ginn sech an hirer Aarbecht ze verwiirklechen, sech gutt ze spieren a sech net ënnerdréckt, frustréiert, demotivéiert ze spieren. Wann d’Leit un der Aarbecht krank ginn, dann ass eppes faul am System, an dat ass de Fall.
A well de Patron net all Rechter huet, a well de Salarié géint Willkür an Ausbeutung geschützt muss ginn, well hien e Recht op Respekt viru senger Aarbecht huet, well hie Recht op eng gerecht Verdeelung vun dem Räichtum huet, deen hie mat geschafen huet, brauche mer e staarkt Aarbechtsrecht. Dowéinst huet de Gesetzgeber d’Pflicht Gesetzer ze maachen, déi d’Salariat schützen, déi e gläichberechtegten Dialog zwëschen Ongläichen, déi wiirklech Verhandlungen erméiglechen. Dofir brauche mer Demokratie an der Aarbechtswelt. An do brauche mer Reformen.
An do sinn d’Sozialisten an der Regierung gefuerdert. An der Gewerkschaft versti mir net, mir si rosen, enttäuscht, wa mer ëmmer erëm feststelle mussen, datt eis Dossieren net weider ginn, datt ëmmer direkt Rücksicht op d’Patronat geholl gëtt oder gesot gëtt mat der CSV wär net méi dran. Firwat gëtt net offensiv Positioun fir eis Propositioune geholl? Wéini héiere mer d’Lobby vum Salariat am Parlament?
Lëtzebuerg ass e komplizéierten, multikulturelle Mikrokosmos, a mer mussen duerfir méi wéi anerer op de sozialen an demokrateschen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft oppassen. Duerfir fuerdere mer eis politesch Vertrieder, eis Deputéiert op, den Dialog mat dem Salariat a mat senge Vertrieder méi ze pflegen.
A mir brauche kee Schäindialog!
Den OGBL, d’Chambre des Salariés argumentéiert, proposéiert a mir hunn ëmmer méi d’Gefill, datt mer dat fir näischt maachen, datt nëmmen nogelauschtert an opgepasst gëtt, wa mer demonstréieren, wann et riskéiert zu soziale Konflikter ze kommen.
Dat ass net gutt. Mä mir sinn amgaangen eis ëmmer méi dorops anzestellen an ech si frou, datt dir esou massiv haut hei sidd. Wa bal 1000 Personalvertrieder a Gewerkschaftsmandatäre vum OGBL haut hei si, fir ze soen, datt se net d’accord si mat Sozialofbau, mat der Entwécklung an der Aarbechtswelt, datt mer Reforme fir d’Salariat an net géint d’Salariat wëllen, dann ass dat e staarkt Zeechen.
Mir wënschen eis de Konflikt net, mä wann den Dialog net zu Resultater féiert, well just verlaangt gëtt, datt mir Jo zu Sozialofbau solle soen, dee mer beim Salariat, bei eise Mitglieder verkafe sollen, wann all Verbesserungsvirschléi op daf Ouere falen, wann all Virschléi fir qualitative, sozialen an demokratesche Fortschrëtt refuséiert ginn, dann ass just d’Oppositioun, de Widerstand méiglech.
Jo, mir hunn d’Recht fir Neen ze soen!
Widerstand ass néideg well déi sozial, déi gesellschaftlech Entwécklung an déi falsch Richtung geet.
Tatsach ass, datt d’Salariat fir d’Kris bezillt. Déi déi schëlleg un der Kris sinn, déi hu sech hir Bonussen op eis Käschte schons erëm erop gesat.
D’Ongläichheeten hu massiv zougeholl. De Respekt virun eiser Aarbecht hëlt of, an eis Aarbechtskonditioune gi mat absurde Managementsmethode futti gemaach. De Chômage, d’Prekaritéit hëlt och zu Lëtzebuerg zou. Dogéint wiere mir eis!
Dofir ënnerstëtzt den OGBL all schaffend Leit, déi sech géint des Entwécklung wieren, déi fir hir Rechter, fir eng gerecht Pai, fir gutt Aarbechtsbedingunge, fir eng gutt sozial Ofsécherung kämpfen.
Mir brauche keng soft Versioun vun der europäescher Austeritéitspolitik, mir brauchen eng Politik déi d’Rechter vum Salariat verteidegt, déi sech och a schwéieren Zäite fir soziale Fortschrëtt asetzt.

Kolleginnen a Kollegen,

Den OGBL ass eng Kraaft déi Virschléi mecht, déi wann et néideg ass Kompromesser mecht, mä Kompromesser net wéinst dem Kompromess, mä wa se am Interessi vum Salariat sinn. Den OGBL ass awer och eng Kraaft déi Oppositioun maache kann, eng Kraaft déi déif am Salariat verankert ass an do seng Energie schöpft.
D’Patronat an d’Politik sollen deem Rechnung droe, wa se net ëmmer méi sozial Konflikter wëllen.

Kolleginnen a Kollegen,

Déi politesch Aktualitéit steet am Ablack ganz am Zeeche vun enger neier Verschärfung vun der Austeritéitspolitik. Et gëtt vun enger Milliard geschwat déi geng feelen. Mir hunn awer keen esou groussen Defizit an eisen ëffentleche Finanzen, mä ee vun 0,3% oder 0,6% je no de statisteschen Donnéeën, je nodeem zwëschen 100 an 200 Milliounen an net eng Milliard. Mir respektéieren d’Stabilitéitscritère vun der EU a mir kréien ouni Schwieregkeeten zu engem bëllegen Zënssaz Sue geléint, fir z’investéieren. D’Staatsbank, d’Spuerkeees ass enorm gutt cotéiert. Eis Schold ass niddreg, et gi genügend Aktiva, fir se direkt kënnen ze bezuelen, wann et néideg wär. Firwat schwetze mer da vun enger grousser Staatsschold, vun engem Milliardelach am Staatsbudget?
D’Äntwert ass einfach : et gëtt op enger Konfusioun vun deene verschiddenenen Deeler vun den ëffentleche Finanzen gespillt. Et gëtt vun engem Defizit beim Zentralstaat geschwat, deen och besteet, mä et gëtt awer net gesot, datt d’Sécurité sociale en Iwwerschoss a bal der nämlechter Héicht huet, en Iwwerschoss dee vill domat ze dinn huet, datt mer d’Renten, d’Krankeversecherung, d’Kannergeld, d’Pflegeversecherung, d’Chômage’s Indemnitéiten, alles wat een als Sozialleeschtunge considéreiert zu engem gudden Deel net iwwert Cotisatioune, mä iwwert Steiere finanzéieren. Dee System huet et erlaabt, déi sougenannte Lounniewekäschten niddreg ze halen, an dat erklärt och oft, firwat d’Realléin zu Lëtzebuerg méi héich sinn ewéi an anere Länner, ouni datt de Käschtepunkt fir d’Employeure méi héich wier.
Interessant ass, datt am Dokument vun dem Comité de prévision vun engem strukturellen Iwwerschoss vun 0,7% vum PIB geschwat gëtt. Dobäi ass dee Comité bekanntlech vun negativen Zuelen an Hypothesen fir 2011 an 2012 ausgaangen, Zuelen déi kuerz no der Presentatioun vun deem Katastropheszenario schons falsch woren an erëm no uewe revidéiert hu misse ginn.

Kolleginnen a Kollegen,

Objektiv gesinn, hu mer eng gutt Situatioun an eisen ëffentleche Finanzen. An anere Länner wäre se frou, wa se esou gutt ëffentlech Finanzen an enger Krisenzäit hätten. Et gëtt keng Ursaach fir a Katastrophismus ze maachen an d’Akommes vun der Mass vun de Leit nach weider aschränken ze wëllen.
Sënnvoll wär awer eng Diskussioun iwwer wat fir eng Politik gemaach soll ginn. Wat fir eng wirtschaftlech Entwécklung wëlle mer? Wat fir Sektore, wat fir Beräicher solle gefördert, entwéckelt ginn? Wat fir eng Roll soll de Staat an eiser Wirtschaft spillen? Dat ass e wichtegen Thema, deen awer wéineg diskutéiert gëtt. Den OGBL mengt, datt et wichteg ass, wann eise Staat a Schlësselberäicher vun eiser Ekonomie Afloss behält. Dat gëlt fir den Energiesektor, wou mer d’Entwécklung kritesch beobachten. Dat erklärt eis Haltung am Dossier Cargolux a méi generell fir den Dossier Flughafen. Wann eis Responsabel op Bëllegfliegerei setze fir d’Zukunft vum Flughafen, da si se um Holzwee. Dat féiert just zu Sozialdumping a Sozialofbau. D’Entwécklung an der Stolindustrie sollt eis eng Lektioun sinn.
Duerfir menge mer och, datt et falsch wier elo eis Aktien bei der BGL ze verkafen.
Duerfir versti mer d’Operatioun bei der BIL net richteg. 10% Aktien ze kafe, kascht eng Staang Geld, mä mat 10% huet een awer keen decisiven Afloss an enger Entreprise.
Fir den OGBL steet eis Regierung och an der Pflicht e Maximum ze maachen, fir datt d’Stolindustrie e Steck vu Lëtzebuerg bleift. Duerfir hunn d’Kollegen de 6. Dezember gestreikt. Duerfir hunn d’Leit aus de Gemengen, hunn d’Geschäftsleit, hunn d’Gemengeresponsabel besonnesch am Süde sech engagéiert an hir Solidaritéit gewise. Et geet net duer d’Situatioun vum Personal ofzesecheren. Dat ass wichteg an der Stolindustrie, dat ass awer iwwerall wichteg.
Ech wëll bei där Geleeënheet dorun erënneren, datt den OGBL schons 2006 an der Debatt iwwert d’Beschäftigungspolitik e Modell de Maintien dans l’emploi proposéiert huet, deen op den Erfarunge vun der Restrukturéierung an der Stolindustrie opgebaut huet, fir am gesamte Secteur marchand, am klassesche Privatsektor eng besser Ofsecherung vun der berufflecher Situatioun vun de schaffende Leit z’erreechen.
De Passage beim Aarbechtsamt ass ëmmer eng schwéier Erfarung, souguer wann déi Institutioun gutt a mënschlech fonktionéiert an en optimale Service géif ubidden. Duerfir bleiwe mer am OGBL der Meenung, datt eng couragéiert Reform vun der Gesetzgebung iwwert de Maintien dans l’emploi néideg ass. D’Patronat ass gefuerdert dobäi matzemaachen, anstatt ëmmer den einfachste Wee ze sichen. Et ass ze einfach just Sozialpläng ze verhandelen an dann d’Verwaltung vun de Problemer op d’ADEM ofzewälzen. Gläichzäiteg gëtt da vu Responsabilité sociale getéint, ginn d’Adem a Systemer ewéi d’Préretraite schlecht gemaach.
Wat fir Aarbechtsplaze sollen entstoen an erhale ginn?
Muss net och e Bilan gemaach ginn, wat mat deenen Ënnerstëtzungen, déi un d’Ekonomie gaange si, geschitt ass. Wat war d’Resultat vun deene grousszügegen Hëllefen, déi un d’Patronen, besonnesch vun deene grousse Betriber an der Industrie, de Servicer an dem Finanzsektor gaange sinn?

Kolleginnen a Kollegen,

An deene leschte Joren ass d’Steierlaascht fir d’Betriber nach weider erof gesat ginn. D’Betriber bezuele seit Jorzéngten näischt méi an d’Caisse nationale des prestations familiales. D’Mutualitéit vun den Entreprise fir d’Ofsécherung vum Krankegeld gëtt ëmmer méi staark subventionéiert. D’Formation continue am Betrib a fir de Betrib gëtt och ëmmer méi staark subventionéiert.
Déi Lëscht ka verlängert ginn.
Munch vun deene Moossname si sënnvoll, vill Moossname sinn awer wéineg zilorientéiert an et gëtt kaum kontrolléiert an evaluéiert wat d’Resultater a punkto Invest, Emploi, Developpement vun neien Aktivitéiten sinn.
Missten net virrangeg déi Betriber ënnerstëtzt a gefördert ginn, déi an zukunftsträchteg Aktivitéiten investéieren, déi an hir Leit investéieren?

Kolleginnen a Kollegen,

Vill aner Theme missten ugepakt ginn, an der Sozialaarbecht, am Logement, beim ëffentlechen Transport, am Ëmweltberäich, an der Bildungs- a Weiderbildungspolitik, an der ëffentlecher Secherheet.
Mä et gëtt jo net vu Verbesserung, vu positive Reforme geschwat, mä et geet em d’Spueren. Wann ee weess, datt d’Austeritéitsapostelen aus dem CSV-Lager wëllen duerchsetzen, datt 1 Milliard gespuert soll ginn an datt dat zu 2/3 duerch Dépensekiirzunge soll geschéien, da weess een, datt et drëms geet, an engem zweeten Ulaf dat duerchzesetze, wat an der Tripartite 2010 ugefaange gouf a wat do um Widerstand vum OGBL awer och vun LSAP-Politiker gescheitert ass. An denke mer drun, datt am Abrëll 2010 mat total falsche Prévisioune geschafft gouf.

Kolleginen a Kollegen,

De Budgetsminister seet Dépense misste gekierzt ginn an datt do kee Secteur ausgespuert därf gi. Wann dat gesot gëtt, da gëtt och dru geduecht an der Sozialpolitik ze kierzen. An duerfir gëtt op eemol vu sozialer Selektivitéit geschwat, obwuel dat an der Praxis bei der Mammerent, bei de Bourse fir d’Studente keen Thema wor. Da gëtt vun individueller Responsabilitéit, vu Grondversuergung geschwat, vun enger Politik déi just géint Aarmut schütze soll, mä déi net méi als Zil huet engem ze garantéiere säi Liewensstandard kënne beizebehale, wann een eng Kéier Pech am Liewen huet. Et gëtt eng Politik propagéiert, déi méi vum Geescht vun der mëttelalterlecher Caritas geprägt ass, wéi vun der Iddi vun der kollektiver Solidaritéit, déi vun der Gewerkschaftbewegung, der Sozialdemokratie an de Lenksparteien am leschte Jorhonnert entwéckelt gouf an zu eisem System vu Sécurité sociale gefouert huet. Eis Sécurité sociale huet sech bewährt, mir verteedegen de System, mir wëllen e moderniséieren a verbesseren. Mä mir sinn net averstan eise Sozialstaat ofzebauen, zréckschrauwen.

Kolleginnen a Kollegen,

Bei deem Discours ass de Risiko grouss an d’Wahrscheinlechkeet bei enger, vun der CSV dominéierter Regierung héich, datt weider Aschnëtter an der Sozialpolitik bspw. an der Familljepolitik geplangt sinn. An et huet sech jo haut confirméiert, datt de schleichenden Ofbau vum Kannergeld weider geet.
Déi meescht Famillje spieren Desindexéierung vum Kannergeld, besonnesch wa se net vun de Chèques services profitéire kënnen z.Bsp. wann ee Frontalier ass oder wann een anzwousch wunnt, wou et net genuch Crèchen a Maison relais gëtt. A wa mer dann héieren, datt d’Chèques services solle wéinst der Austéritéitspolitik méi sozial selektiv ginn, dann ass ze fäerten, datt d’Leeschtungen éischter verschlechtert, wéi verbessert solle ginn.
Mä dat gëlt och fir all d’Familljen déi Kanner iwwert 12 Joer hunn.
A wann dervu geschwat gëtt, datt et net richteg ass, datt eng Famill mat engem Revenu disponible vu 15000 € de Mount beim Kannergeld d’selwecht behandelt gëtt ewéi eng mat 4000 € Revenu disponible, dann ass dat sécherlech eng richteg Fro, mä keen Argument fir ’Desindexéierung vum Kannergeld ; et ass eigentlech en Argument fir d’Kannergeld un ‘Deierecht unzepassen, d’Kannergeld ze héijen an et dann ze besteieren.
D’Kannergeld muss no 6 Joer Stëllstand endlech un Deierecht, un d’Präisentwécklung ugepasst ginn.
D’Familljepolitik vun der CSV, d’Familljepolitik vun eiser lëtzebuerger Rietspartei fält vun engem Extrem an deen aneren an haaptsächlech ass des Partei am gaangen de Famillje mat klengem a mëttlerem Akommes ze schueden.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Reform vun eisem Rentesystem gëtt jo och vu ville Politiker, besonnesch aus dem konservativen a liberale Lager, an de Kontext vun der Austeritéitspolitik gesat. Et gëtt eng sougenannte strukturell Reform verlaangt, fir d’Käschte vum System ze senken. Et gëtt behaapt, soss wären an 20 Joer eis Renten net méi ze bezuelen an eis Kanner géife keng Rent méi kréien. Dat ass an engem System, deen dorops berout, datt d’Rente vun haut mat de Sue vun haut bezuelt ginn, natierlech falsch. Aus ville Grënn bleift awer eppes vun där simplistescher neoliberaler Presentatioun, déi haaptsächlech den Interesse vun de privaten Assureuren an de Pensiounsfongen déngt, hänken.
Wat sinn d’Fakten ?
Mir hunn e Rentesystem, deen et erméiglecht huet de Risiko vun der Aarmut am Alter massiv erofzesetzen.
Mir hunn e Rentesystem, deen et engem erméiglecht säi Liewensstandard am Alter ze halen.
Mir hunn e Rentesystem, deem seng Reserven enorm héich sinn, vill méi wéi et eigentlech néideg ass.
Richteg ass, datt d’Zuel vun de Rentner par rapport zu der Zuel vun den Aktiven an deenen nächste Joren wahrscheinlech zouhuele wärt an datt dowéinst och deen Deel, deen all Joer vun eisem Bruttosozialprodukt benotzt muss ginn, fir d’Renten ze finanzéieren, riskéiert erop ze goen.
Et gi jo an der Rentefro vill Zukunftshypothese gemaach, et gëtt vun enger Rentemauer geschwat, et gëtt behaapt, datt mer an 10 Joer missten un d’Reserve goen an an 20 Joer d’Reserven eidel wieren.
A wann een unhëlt, datt dat da wouer wier, ginn et da keng Alternativen zu Rentekierzungen, wann een net méi laang schaffe kann, muss dann den Ajustement gebremst oder ofgeschaf ginn, muss dann d’Allocation de fin d’année vun de Rentner ofgeschaf ginn?
Am Ablack fléissen net grad 10% vun eisem PIB an eise Rentesystem. D’Regierung an hir Versécherungsmathematiker rechnen, datt bei hiren Hypothesen den aktuelle System bis 2035 funktionéiert an duerno d’Reserven eidel sinn an d’Recetten net méi duer ginn fir d’Ausgaben ze finanzéieren. Wat geschitt wa mer d’Recetten op 14% erop setzen a wa mer fir de Rescht déi nämlecht Hypothesen wéi d’Regierung unhuelen? Ma dann géifen d’Reserven theoretesch bis 2072 halen.
D’Konklusioun ass kloer : wa mer bereed si méi an de System ze stiechen, dann hält e méi laang.
An duerfir si mer net mat der eeseiteger dépensenorientéierter Reform d’accord.
Fir wat musse mer eng Reform maachen, déi eis an eis Renterechter 20 Joer zréck geheit?
Firwat wëlle mer e System aféiere, wou mer et jonke Leit, déi sech méi laang ausbilde loossen onméiglech maache, fir dee selwechte Rentenniveau ewéi hir Elteren z’erreechen an dat esouguer wa se méi laang schaffe géife goe wëllen an dat och kënnten?
Firwat strooft eis Regierung gär Mënschen, dei 20 Joer op Schicht geschafft hu, firwat strooft se gär Invaliden?
A firwat sollen déi Jonk a Privatversécherunge gedréckt ginn, déi dreimol méi déier sinn?
A firwat sollen déi Al méi laang schaffe goe, wann déi Jonk et ëmmer méi schwéier hu fir eng Aarbecht ze fannen?
Firwat wëllt d’Regierung de Rentenajustement an d’Allocation de fin d’année kierzen. Esou héich sinn déi normal Renten net. Nach laang net jiddfereen huet eng betriiblech Zousazversecherung oder en Zousazakommes aus finanzielle Placementer, och aus Loyéen.
Mir hunn eis Kritiken an eis Propositiounen, eis Alternativen argumentéiert, mir hunn a ville Versammlungen a Manifestatiounen de Sukkurs vun Dausende vu Leit kritt. Wann d’Parlament, d’Regierung an der Fro vun de Pensiounen net bereed ass op eis zouzegoen, de Projet ze änneren, da stellt dat fir eis, an och fir vill schaffend Leit a fir vill Rentner e graven demokratesche Problem duer.
De Projet vun der Rentereform muss geännert ginn.
An deem Projet missten alternativ Finanzéierungsquellen ageschriwwe ginn, déi sech net op Kotisatiounserhéijunge beschränken an déi et géifen erméiglechen d’Renteberechnungsformel, awer och den Ajustement an d’Allocation de fin d’année, ofzesécheren oder zumindest déi automatesch Rentekierzungen déi elo virgesi sinn, aus dem Projet eraus ze huelen.
D’Situatioun vun de Leit déi op Schicht schaffen oder an d’Invaliditéit gerode sinn, därf net verschlechtert ginn.
Et musse Weeër a Méiglechkeete geschaffe ginn, déi Renteverschlechterunge fir zukünfteg Generatioune ze vermeiden. Et musse positiv Moossname fir déi zukünfteg Generatiounen, fir déi Jonk virgesi ginn.
Déi spezifesch Renteproblemer déi sech stellen, wann an enger Koppel ee wéinst de Kanner opgehalen huet mat schaffen oder Deelzäit geschafft huet an d’Koppel dann ausernee geet, musse geléist ginn.
Et mussen nei Rechter am Aarbechtsrecht geschafe ginn, fir kënnen am Alter seng Aarbechtszäit anescht z’organiséiere, fir Deelzäitaarbecht mat Deelpensioun ze kombinéieren.
De Kënnegungsschutz am Fall vu wirtschaftleche Restrukturéierunge muss verbessert ginn an do derbäi muss déi spezifesch Situatioun vun de Leit iwwer 50 Joer berücksichtegt ginn esouwuel um aarbechts- ewéi um sozialrechtleche Plang.
Déi versprache Méiglechkeet fir sech am Kader vun engem ëffentleche System zousätzlech versecheren ze kënnen, muss mat op den Dësch.
D’Reform vum Reclassement muss op den Dësch.
A fir den OGBL gehéieren déi verschidden Elementer déi mer genannt hunn zesummen.
Nach eng Kéier, de Projet muss geännert ginn an all d’Elementer vun der Reform, och déi aarbechtsrechtlech, gehéieren op den Dësch.

Kolleginnen a Kollegen,

Mä och bei der Diskussioun iwwert d’Recetteseit, bei de Steiere musse mer virsiichteg sinn.
Am Panorama social deen d’Chambre des salariés all Joer opstellt gesi mer, datt och hei zu Lëtzebuerg d’Ongläichheeten zouhuelen. Dat geseit ee bei der Entwécklung vun der Lounquote, an der Verdeelung vum geschafene Räichtum zwëschen dem Kapital an der Aarbecht, dat geseit ee bei der Entwécklung vum Akommes vun den 20% Räichste par rapport zu där vun denen 20% Ärmsten, an u ville konkreten alldeeglechen Zeechen. Dobäi blenden d’Analysen d’Entwécklung vum Akommes aus Verméigen aus. Eng vun den Ursaache vun dëser Entwécklung ass secherlech den Drock vum Chômage, vun der Globaliséierung vun der Ekonomie a vun der Ideologie vun der Lounmoderatioun, vun der Compétitivité côuts. Mä et därf een awer och net d’Entwécklung vun der Sozialpolitik (Familljepolitik, Leeschtunge vun der Krankekeess a vun der Pensiounskeess) a besonnesch vun der Steierpolitik vernoléissegen. D’Ongläichheeten hunn och eppes mat der Entwécklung vun eisem Steiersystem ze dinn.
De Problem leit doran, datt déi relativ Steierlaascht d.h. de Pourcentage vum Akommes, deen een als Steieren ofgi muss am héichste bei enger Famill vu Salariéë mat engem mëttleren Akommes ass. Fir et bildlech auszedrécken : de PDG vun enger grousser Entreprise, den Direktiounsmember oder den héije Kader vun engem mëttleren oder grousse Betrib aus dem Privatsektor, de Cadre dirigeant aus dem ëffentleche Sektor, de Patron vun engem grousse Baubetrib bezillt relativ gesi, manner Steiere wéi den Techniker, de Meeschter, de mëttleren Employé, de laangjähregen Handwierker, de Chef de service oder e jonken, heich spezialiséierte Mataarbechter. Déi steierlech Ongläichheet hëlt nach zou, wann een TVA, d’Verméigensbesteierung, d’Besteierung vum Akommes aus Kapital, a wann een d’sozial Kotisatiounen déi jo bei der Kranken- a bei der Pensiounsversecherung plafonnéiert sinn, mat berücksichtegt.
Am Zesummenhang mam Plafond cotisable huet den OGBL schons oft drop higewisen, datt et fir eis net gerecht ass, datt de Salarié deen eng Pai vun 3000 € brutto monatlech huet, 2,8% fir d’Soins de santé bezuele muss (Dokter, Apdikt, Spidol), während deen den 12000 € brutto als Salaire kritt, bis 9000 € 2,8% bezillt an op deenen 3000 € iwwert 9000 € näischt bezillt. Hie kritt awer déi selwecht Leeschtungen. Dee mat 12000€ bezillt relativ gesi manner a ka sech en plus eng Zousazversecherung leeschten, déi besonnesch bei der Pensioun och nach steierlech begënschtegt gëtt.
Firwat ass d’Steierfro fir den OGBL wichteg? Mä well am Ament vill iwwert Steiererhéijungen diskutéiert gëtt an et sozial gesi ganz wichteg ass, genee opzepasse, wat déi sozial Auswiirkunge, wat d’Auswiirkungen op d’Akommes vun der Mass vun de Leit vun der Steierpolitik sinn. Sollen déi mat de breede Schëlleren oder déi mat de schmuele Schëllere bezuelen, sollen déi mat engem klengen oder durchschnëttlechen Akommes oder déi déi seit 20 Joer vun der Steierpolitik profitéiert hunn, duerch d’Senkung vum Spëtzesteiersaz, duerch d’Ofschaffe vun der Verméigenssteier, duerch d’Begënschtegung vum Akommes op Geld- a Verméigensanlagen, duerch déi sëllech steierlech Avantagen, déi et fir héich Revenuë gëtt.
A wann ech dat elo richteg interprétéieren, wat den Här Frieden de Mëtteg gesot huet, gëtt jo genee do näischt un der Steierpolitik geännert. D’Accise ginn erop, den Impôt de solidarité geet erop, d’Akommessteier geet besonnesch fir der Kleng- a Mëttelverdenger erop, well d’Steierbarêmen net un d’Inflatioun ugepasst ginn, d’Verméigenssteier bleift ofgeschaaft, déi ongläich Besteierung vu Revenu aus dem Kapital a Revenuen aus der Aarbecht bleift bestoen. Et gëtt näischt gemaach géint déi sëllech Tricken, déi et Groussverdenger erlaben hir Steieren ze kierzen.
Den Här Contzen a seng Kollege soe Merci !
D’Aussoe vum Budgetsminister sinn einfach ze verstoen. Hien huet seng Orientatioun zënter dem Fréijoer 2010, wou en d’Tripartite duerch seng antisozial Fuerderungen platze gelooss huet, net grondsätzlech geännert. En ass just a senge Propositioune méi virsichteg ginn, dat gëlt awer net fir seng ökonomesch a budgetär Prévisiounen, wou e mat System an Negativismus mecht.
D’Konsequenz vun der Politik, déi den Här Frieden amgaang ass ze maachen, ass eng verschärften Austeritéitspolitik, déi negativ sozial a wirtschaftlech Konsequenze wärt hunn. Si féiert dozou, datt lues awer secher d’Sozialleeschtunge fir d’Mass vun de Salariéen an de Rentner verschlechtert ginn, datt d’Laascht déi op deene breede Schëllere leit net zouhëlt, mä datt déi zouhëlt, déi op deene schmuele Schëllere leit. D’Zuel vun de Leit, déi all Mount sech musse Suerge maache, wéi se iwwert d’Ronne komme, wärt mat der Politik zouhuelen. D’Entwécklung vun der Zuel vun de Leit, déi sech op de Sozialämter melle fir gehollef ze kréien, weist eis wat amgaang ass de geschéien.

Kolleginnen a Kollegen,

Déi Bréisseler Austeritéitspolitik ass falsch, se féiert an eng wirtschaftlech Rezessioun, se verschlëmmert déi sozial Konsequenze vun der Kris, se riskéiert zu enger demokratescher Kris ze féieren. Déi Politik schued dem europäesche Gedanken, dem europäeschen Eenegungsprozess dauerhaft. Si stärkt d’extrem Droite, den Nationalismus an Europa an et ass jo net verwonnerlech, datt nach kaum e Land seng Bierger bei wichtegen europäeschen Entscheedungen ewéi dem neien Traité iwwert d’Regelen déi an der Budgetspolitik an der Eurozone anzehale sinn, em hir Meenung freet, obwuel et do em e massiven Transfert vu Souverainitéit geet, obwuel et do net nëmmen em d’Geldpoltik, mä och em d’Steier-, Akommes- a Sozialpolitik geet.
Firwat mecht d’Lëtzebuerger Politik des Politik a «voraus eilendem Gehorsam» mat?
Eng Politik déi jo net nëmme vun der Gewerkschaftsbewegung kritiséiert gëtt, mä och vu renomméierte Wirtschaftswëssenschaftler, vun de Sozialisten, de Grengen an de Lenken am Europaparlament an och vu groussen EU-Länner ewéi Frankreich.
Eng Politik déi esouguer vu Spëtzeleit aus dem IWF kritesch hannerfrot gëtt. Mir brauche kee lëtzebuerger Modell vun der Bréisseler Austeritéitspolitik. Mir brauche keng soft Austeritéitspolitik, mir brauchen eng aner Politik.
Mir brauchen eng Politik déi eise Sozialsystem verdeedegt, déi e moderniséiert, déi seng Leeschtunge verbessert, déi en upasst un déi nei Problemer déi sech stellen.
Mir brauchen eng Politik, déi endlech Reformen an der Aarbechtswelt duerchzitt, fir d’Aarbechtsbedéngungen ze verbessere, fir jiddferengem – jonk oder aal – eng Beschäftigungsgarantie ze ginn, fir erëm méi Respekt virun der Aarbecht ze schafe, fir d’Recht op eng uerdentlech Pai duerchzesetzen.
Mir brauchen eng Politik déi ageseit, datt dat nëmmen z’erreechen ass, wann een déi kollektiv Interessevertriedung vum Salariat verbessert, wann ee méi Demokratie an der Aarbechtswelt schaaft, wann een d’Rechter vun de Gewerkschaften an de Personalvertrieder stärkt.
Mir brauchen eng Politik, déi sech dofir asetzt, datt d’Akommes vun der Mass vun de schaffende Leit erhale bleift, déi d’Gewerkschaften an hirem Kampf fir eng gerecht Verdeelung vun dem geschafene Räichtum ënnerstetzt anstatt hinnen an de Reck ze falen.

Kolleginnen a Kollegen,

Am Januar huet d’Parlament mat enger grousser Majoritéit eng Indexmanipulatioun gestëmmt, eng Indexmanipulatioun déi laut Regierungsschätzungen d’Salariéën an déi Pensionéiert 500 Milliounen Euro wärt kaschten. Mir hunn dat net vergiess a mir bleiwen dobäi, datt dat Gesetz muss revidéiert ginn! Des Indexmanipulatioun ass e Cadeau fir d’Betriber op eis Käschten, ouni datt och nëmmen déi geréngste Konterpartie agefuerdert gëtt. Et ass en Agrëff an d’Tarifpolitik, an d’Lounpolitik.
Secher, den Index ass net ofgeschaaft ginn, wéi d’Patronatsorganisatiounen an d’Bréisseler Kommissioun et gär gehat hätten. Dat ass en Erfolleg vun eisem Widerstand. De Wuerekuerf gouf net manipuleiert, zumindest bis elo net.
Am Januar ass d’Krisesteier ofgeschaft ginn. Och dat ass e Resultat vum gewerkschaftlechen Drock. Mä et därf een awer net vergiessen, datt de Steierbarême net un d’Inflation ugepasst gouf, och wann dat eigentlech gesetzlech esou virgesinn ass. Doduerch bezuele méi Leit elo Steieren, doduerch bezuele besonnesch Kleng- a Mëttelverdénger méi Steieren.
Et däerf een och net vergiesse, datt d’Solidaritéitssteier em 2% erop gesat gëtt. Wann domat eng couragéiert Politik de maintien dans l’emploi gemaach gëtt, dann ass dat kee Problem. Wann awer domat de Mindestloun subventionéiert soll ginn oder ähnlech Dommheete gemaach solle ginn, da si mer dergéint.
Mir hunn och net vergiess, datt mer seit dem éischte Januar 2011 méi bezuele musse, wa mer krank sinn, ouni datt bis elo d’Leeschtunge vun der Krankekeess verbessert gi wären.
Mir verlaange weider, datt de Leeschtungskatalog vun der CNS verbessert gëtt, zum Beispill an der Zännmedizin. Sue sinn do, wann ee bereed ass dee sozial ongerechte Plafond bei de Cotisatiounen ofzeschafen.
Mir hunn Desindexéierung vum Kannergeld, vun der Indemnité de congé parental net vergiess. Mir verlaangen eng Upassung vum Kannergeld un d’Inflatioun.
Am Januar ass d’Surprime fir d’Krankekeess, déi déi ehemoleg Aarbechter bezuelen op 1% erof gesat ginn. Dat ass eng Folleg vun der Aféierung vum Eenheetsstatut, vun der leschter fortschrëttlecher Reform aus de leschte sechs Joer. De Staatsminister huet versprach des Surprime d’nächst Joer ganz ofzeschafen an net eréischt dat Joer drop, wéi et am Gesetz steet.
Mir wëssen awer och, datt mer nach ëmmer prozesséieren a streide musse, well klengkarréiert Patronatsfonktionären déi Reform net verdaut hunn a mengen, datt Produktiounsleit déi op Schicht schaffen am Krankheetsfall d’Prime fir Nuets- an Sonndesaarbecht net ze gutt hätten. Vu datt d’Vertrieder vun der Regierung schons e puermol gesot hunn d’Interprétatioun vum Patronat wär falsch, a well trotz eenzelne positiven Urteeler nach Jore lang prozesséiert ka ginn, wär et eng Léisung, wann d’Regierung géif d’Gesetz esou änneren, datt et fir jiddferee kloer ass, datt d’Nuets- a Sonndesprimen am Krankheetsfall geschëllt sinn.
D’Patronat huet Milliounenhëllef fir hir Mutualitéit kritt, et wär en Akt vun ausgläichender Gerechtegkeet wann d’Regierung hei endlech déi Léit, déi secher ënner schwierge Bedingunge schaffen, ënnerstetze géif.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Regierung huet och zougesot, datt de Mindestloun den nächste Januar un déi allgemeng Lounentwécklung, dat heescht un d’Resultater vun der gewerkschaftlecher Tarifpolitik ugepasst gëtt. Dat wäert eng real Erhéijung vum Mindestloun matsechbrengen. Déi ass och deck noutwendeg, well mam Mindestloun, wann ee just deen huet, leit een heizulands no un der Aarmutsgrenz, heiansdo esouguer drënner. Eigentlech misst de Mindestloun em 15% erop gesat ginn!
Duerfir ass et och e Skandal, wann de Chefökonomist vun der Chambre de commerce kalbliddeg behaapt de Mindestloun wier 35-40% ze héich, misst also bei 1100 € leien. Groteskerweis proposéiert en dann zesumme mat senge Cheffen, déi jo deelweis zu dem exklusive Club gehéieren, wou een trotz Kris pro Joer Akommessen am 6stellege Beräich bezuelt kritt, déi genial Fuerderung gestallt, datt de Mindestloun misst steierlech subventionéiert ginn. Et ass dës provokativ Haltung vu Patronatskreeser, déi et ëmmer méi schwiereg mecht e korrekten nationalen a sektoriale Sozialdialog ze féieren.

Kolleginnen a Kollegen,

Am Ablack sinn d’Kollektivvertragsverhandlungen a ville Beräicher extrem schwiereg an iwwerall gëtt trotz Indexmanipulatioun net nëmme Lounmässigung verlaangt, mä et gëtt mat System probéiert Lounkierzungen duerchzesetzen. Dat gesi mer an der Industrie, am Handwierk, am Finanzsektor, bei de Banken an de Versécherungen.
Et huet een och den Androck, datt et net méi em déi real Situatioun geet, mä datt d’Kris benotzt gëtt, fir d’Profitmargen op Käschte vun de Salairen erop ze setzen, fir d’Loun- an Aarbechtsbedingungen ze verschlechteren. De politeschen Discours vun der Compétitivité coût, vun der Lounmoderatioun, der Indexmanipulatioun, déi aus Kompetitivitéitsgrënn néideg wär, alles dat huet d’Konfliktbereedschafft op der Patronatsseit erop gesat. Si fillt sech vu Regierung a Parlament ënnerstetzt. De Chômage, d’Mondialiséierung hëllefe weider, fir ze versichen déi ongläich Verdeelung vum geschafene Räichtum nach ze verstärke, fir d’Emverdeelung vun Ennen no Uewe weider ze dreiwen.
Et gëtt Erpressung mat Investitioune gemaach, mat Aarbechtsplazofbau gedrot.
D’Indexmanipulatioune ginn hinnen net duer. D’Subventioun aus Steiergelder an d’Steiersenkunge fir d’Betriber, déi an de leschte Jore geschitt sinn, si schons vergiess.
Grad well probéiert gëtt d’Mondialiséierung an d’Kris auszenotze, fir d’Léin ze drecken, grad wéinst dëser Astellung vun de Spëtzeleit aus de Patronatsorganisatiounen ass d’Afrostellung vum Accord salarial an der Fonction publique méi ewéi konterproduktiv. Wann de Staat seng eegen Accorden net méi anhält, dann ass dat e weidert Signal fir d’Patronatsorganisatiounen, datt och si hir Accorden brieche kënnen a si wärten dat och ausnotze, fir weider Drock ze maache fir Verschlechterungen an der Lounentwécklung duerchzesetzen. A vu, datt mer bis elo ëmmer e gewësse Parallelismus an der Lounpolitik zwëschen de Beamten an de Salariéen am ëffentlechen Déngscht, am Sozial- an am Gesondheetssektor haten, bedeit d’Afrostellung vum Gehälteraccord fir d’Beamten och, datt a politesche Kreeser gemengt gëtt, d’Personal an de Crèchen, an den Altersheemer, an de Spideeler, bei der Müllabfuhr, bei den technesche Servicer vum Staat an de Gemengen, no zwee Joer Stëllstand, och dest an d’nächst Joer soll op eng positiv Lounentwécklung verzichten.
De Contraire wäer néideg.
Dat wat elo an der Fonction publique geschitt ass, wärt vun de Patronatsorganisatiounen aus dem Privatsektor begréisst ginn. Et hëlleft der gewerkschaftlecher Aarbecht am Privatsektor op kee Fall.

Kolleginnnen a Kollegen,

De 4. Mai fënnt eng grouss Protestaktioun vun eise Kollegen aus dem Syndikat Bau statt. Si protestéieren dogéint, datt elo versicht gëtt d’Aarbechtszäit nach weider ze flexibiliséieren, d’Limite vun der Aarbechtszäit nach weider erop ze dreiwen, d’Aarbechtsintensitéit erop ze setzen, den Déséquiliber zwëschen Aarbecht a Familljeliewen nach ze vergréisseren. Negativ Konsquenze fir d’Gesondheet vun de Leit wärten net ausbleiwen. Och dat gëtt mam Argument vun der Wettbewerbsfähegkeet motivéiert. Och do gëtt mat der Angscht virum Chômage gespillt. Eis Kollegen aus dem Bau an dem Bauhandwierk wiere sech awer net nëmme géint Verschlechterunge vun hiren Aarbechtskonditiounen, si verlaangen zu Recht och eng besser Pai, besser Lounentwécklungsméiglechkeeten. Wann een eng gutt Aarbecht wëll, da muss een och bereed sinn déi Aarbecht uerdentlech ze bezuelen. Wann ee gäre motivéiert, gutt ausgebilt jonk Leit an d’Bauhandwierk kritt, da muss een hinnen och am Loun an an der Lounentwécklung weisen, datt d’Handwierk berufflech Perspektive bidd. Et wär gutt, wann déi Themen och vu politescher Seit géifen ënnerstëtzt ginn.
Och Politiker kënnen duerch hir Presenz bei gewerkschaftleche Protestaktiounen ewéi der vum 4. Mai weisen op wat fir enger Seit se stinn.
Mir wären och frou driwwer wa mer, an dem lo jorzengten ale Kampf vun eisem Syndikat Nettoyage fir d’Unerkennung vun der Aarbecht vum Botzpersonal, géifen ënnerstëtzet ginn. Fir wat gëtt net politesch thematiséiert, datt eng Fra, déi 10 Joer laang an enger Botzfirma an deene verschiddenste Beräicher (Büroen, Informatikservicer, Laboën, Altersheemer, Geschäfter …) eng qualifizéiert Aarbecht leescht, net unerkannt kritt, datt si eng qualifizéiert Aarbecht mecht an och Urecht op mindestens de qualifizéierte Mindestloun huet.
En anert Beispill: d’Öffnungszäiten am Handel. Wann et dann esou ass, datt och eis politesch Klass a vläicht esouguer d’Konsumenten, déi awer net gefrot goufe, majoritär der Meenung sinn, datt d’Geschäfter méi laang op solle sinn, dann ënnerstëtzt dach eis Kolleginnen a Kollegen aus dem Syndicat Commerce an hirem Kampf fir Konterpartien fir des Flexibiliséierung vun hiren Aarbechtszäiten ze kréien. Firwat gëtt net bei der Verlängerung vun den Öffnungszäite gläichzäiteg festgehalen, datt d’Salariéen nëmme kënnen op deene verlängerten Öffnungszäite schaffe gelooss ginn, wann d’Aarbechtszäitorganisatioun an hir Rémuneratioun an engem Kollektivvertrag oder an engem Accord sectoriel festgehale ginn.

Kolleginen a Kollegen,

D’Aarbechtszäit ass am gaangen erëm en Thema ze ginn. Prominent Patronsvertrieder ewéi de President vun der ABBL géife gären d’Joresaarbechtszäit am Finanzsektor verlängeren an de Congé kiirzen, niewent der Ofschafung vum Index, der Kierzung vun de Léin, och dem Mindestloun.
Och an anere Verhandlungen tauchen des Fuerderungen op.
Emgedréit ass d’Aarbechtszäit awer och en Thema op der Salariatsseit z.Bsp. am Bussektor, wou et e wesentlecht Uleies vun de Chauffeuren ass.
D’Aarbechtszäit huet eng enk Verbindung mat dem Sujet vun der Gesondheet an dem Wuelbefannen op der Aarbecht.
Den OGBL warnt dofir virun all Versuch d’Aarbechtszäitgesetzgebung ze flexibiliséieren. Au contraire, aus gesondheetleche Grënn wär et noutwendeg Moossnamen ze huele, fir d’Aarbechtsintensitéit erofzesetzen. De Chômage ass héich. Och aus deem Grond, wär et méi geschied d’Aarbecht besser ze verdeelen. Duerfir ass et un der Zäit den Tabu ronderëm eng Aarbechtszäitverkierzung z.Bsp. duerch d’gesetzlech Verallgemengerung vun der 6. Congéswoch opzebriechen.

Kolleginnen a Kollegen,

Grad wéinst de Verloschter, déi mer duerch d’Indexmanipulatioun kritt hu, musse mer an de Verhandlungen haart sinn an all Spillraum ausnotzen. Do wou de Management sech héichprozenteg Akommeserhéijunge genehmegt, gëtt et keng Ursaach fir kuerz ze trëppelen.

Kolleginnen a Kollegen,

Ech hunn et schons ugeschwat, mir brauche Verbesserungen am Aarbechtsrecht :
beim Kënnegungsschutz
am Fall vun enger Faillite.
Mir brauchen eng couragéiert Reform vun der Gesetzgebung iwwert de Maintien dans l’emploi !
Mir brauche Reformen, déi eis d’Mëttele gi fir konkret géint Diskriminatioun an Harcèlement op der Aarbechtsplaz virzegoen.
Mir mussen deene Jonke Perspektiven ginn anstatt se ëmmer weider an nei prekär a méiglechst niddreg bezuelten Aarbechte, Stagen an aner CIE, CAE an CIE-EP a wéi all déi Moossnamen heeschen, ze parken.
Mir brauche méi Matsproochrechter op der Aarbechtsplaz fir eis Personalvertrieder, méi gesetzlech Mëttele fir als Gewerkschaft de Personalvertrieder an hirer Aarbecht ze hëllefen. D’Personalvertrieder brauchen Zougang zur Informatioun, si musse werklech a mat Zäite konsultéiert ginn. Si mussen nei an ausgedehnte Matbestëmmungsrechter kréien. Si musse bei Restrukturéierungen och d’Recht kréien, Alternative virzeleen, Alternativen déi seriés diskutéiert musse ginn. Dat wat mer elo erëm an deem Zesummenhang bei Arcelor-Mittal erlieft hunn, weist wéi dringend Reformen verlaangt sinn. D’Carrière, d’Beruffsperspektiven vun engem Delegéierte muss ofgesechert ginn. De Kënnegungsschutz muss verbessert ginn a si musse géint Willkür geschützt ginn.
Verbesserunge, positiv Reformen sinn am Beräich vun der betriiblecher an der individueller Ausbildung néideg an do mussen d’Berodungsméiglechkeete vun de Gewerkschaften, awer och vun eiser Beruffschamber, verbessert ginn.
Iwwerhaapt gëlt et bei Reformen d’Leit vum Terrain anzebezéien an net nëmme sougenannten extern Experten.
Dat gëlt och fir Reformen an der Schoul, an der Beruffsausbildung an an de Lycéeën. Vill Reforme gi schief, well nëmmen e Schäindialog gefouert gëtt, well net wierklech op d’Leit vum Terrain, op hir Delegéiert an hir Gewerkschafte gelauschtert gëtt.
Vill Innovatiounsfähegkeet, vill Produktivitéit leit brooch, well Demokratie an der Aarbechtswelt net richteg fonktionéiert.
Mir brauche Reforme, jo!
Mä mir brauche Reformen, déi Verbesserunge fir d’Leit brengen.
Mir brauche fortschrëttlech Reforme, keng réckschrëttlech! Mir brauche keng Moossnamen, déi Reforme genannt ginn an am Endeffekt nëmmen d’Rad vun der Zäit zréckschrauwen. D’Ofsecherung bei Krankheet, bei Invaliditéit, am Alter, am Pflegefall muss am 21. Jorhonnert besser an net mei schlecht, wéi um Schluss vum 20. Jorhonnert, sinn.
Mir brauchen eng Emverdeelung vun Uewen no Ënnen an net eng vun Ënnen no Uewen!
Mir wëllen a brauche keng lëtzebuergesch Versioun vun der Austeritéitspolitik, déi zu Bréissel a Frankfurt produzéiert gëtt.
Esou eng Politik ass keng Äntwert op d’Kris, déi vum Finanzkapitalismus produzéiert ginn ass. Mir brauche keng Politik an Europa, déi an d’Rezessioun féiert, déi sozial Ongläichheet a Chômage produzeiert, déi Verhandlungs- a Streikrecht vun de Gewerkschaften a Fro stellt.
Mir brauchen eng Politik déi d’Kafkraaft vun der Mass vun de schaffende Leit schützt, déi eise Sozialsystem beibehält a verbessert. Mir erwaarden vun deene soziale Kräften am Parlament an an der Regierung, datt se sech un deenen Zilsetzungen orientéieren, datt se Reformen am Interessi vun de schaffende Leit, vun der Demokratie op der Aarbechtsplaz maachen.
Mir fuerderen d’Patronatsorganisatiounen op, hir Blockadehaltung opzeginn, erëm e wiirklechen Sozialdialog ze féieren an dee besteet net nëmmen aus Huele, mä och aus Ginn.
Wann dat net geschitt, da stinn d’Zeeche weider op Konfrontatioun.
Är masiv Presenz ass en Zeechen, datt der net bereed sidd de Wee vum soziale Réckschrëtt ze goen, datt der bereed sidd iech ze wieren.
Dat ass gutt esou !
Dat ass e staarkt Zeechen, e wichteg Zeechen.
Merci !
Vive den 1. Mee ! Vive den OGBL !

Les commentaires sont fermés.